Ze vill kuerz Aarbechtskontrakter an der Fuerschung?
Nom Doktorat an dem sougenannte "Postdoc" eng Aarbecht op onbefrist Zäit ze fannen, géif och zu Lëtzebuerg ëmmer méi schwéier, esou d’Kritik.
"Es ist so gängig, dass es mittlerweile schon einen Namen hat: the postdoc-trap", kritiséiert d’Tina Angerer. E Biologie-Studium an Éisträich, den Dokter a Schweden, de Postdoktorat an den USA. Duerno hat d’Fuerscherin op e permanenten Aarbechtskontrakt gehofft. D’Rechnung ass net opgaangen, d'Corona-Kris huet och net grad gehollef.
Déi 35 Joer al Éisträicherin mécht elo hei zu Lëtzebuerg nach e "Postdoc" Si ass dankbar, an der Pandemie iwwerhaapt en Zweejoreskontrakt kritt ze hunn. D'Praxis vun de ville CDDen an der Fuerschung ass an hiren Aen awer scho méi laang e Problem. "Es gibt mehr und mehr Postdoc Stellen und weniger permanente Stellen. Dadurch hangeln sich Leute mit einem PHD von postdoc zu postdoc und es wird immer schwieriger eine permanente Anstellung zu finden."
Keng Stabilitéit, keng Planungssécherheet
Den Trend aus dem Ausland weist sech och an der neier pluriannueller Konventioun tëscht dem Héichschoulministère an der Uni.lu an den ëffentleche Fuerschungszentren, kritiséiert den OGBL. An de Projektioune bis 2025 wär hei eng Hausse vu CDDe virgesinn. Bei der Uni.lu beispillsweis géif d’Proportioun vu befristeten Aarbechtskontrakter vu 55,2% op 60% klammen.
"Dat sinn awer oft Leit vun an déi 30 Joer, déi grad eng Famill grënnen, vläicht en Eegenheem kafen, déi eigentlech Planungssécherheet brauchen, déi iwwer 5 Joer erausgeet", gëtt de Fréderic KRIER, Zentralsekretär vum SEW/OGBL ze bedenken. Iwwerdeems d’CDDen an der Reegel op 2 Joer limitéiert sinn, kënne se an der Fuerschung bis op 5 Joer goen. Et wier schwéier, an esou enger Situatioun iwwerhaapt e Prêt ze kréien, seet de Fréderic Krier.
"Externe Finanzement geet méi staark an d'Luucht"
"50% vun de CDDen an der ëffentlecher Fuerschung sinn Doktoranden, dat anert Postdocen", erkläert de Léon Diederich, Premier Conseiller am Héichschoulministère. Datt d’Zuel vun zäitlech begrenzte Kontrakter an den nächste Jore klamme kéint, léich um externe Finanzement vun de Fuerschungsprojeten.
"Dat si meeschtens Projeten tëscht 3 a 5 Joer an do ginn haaptsächlech Doktoranden a Postdocen drop engagéiert. An dee Finanzement soll lo méi staark an d'Luucht goen wéi d’Grondfinanzement vum Ministère. Dat féiert dozou, dass d'Proportioun vu CDI a CDD sech liicht a Richtung vu CDDe kéint beweege" seet den héije Beamten. De Léon Diederich preziséiert awer och, datt Zuelen an de Konventioune just Schätzunge wiere, keng festgeluechten Ziler. D’Zuel vu CDDen an der ëffentlecher Fuerschung wier an de leschten dräi Joer relativ stabil bliwwen.
OGBL fuerdert méi CDIen am Interêt vum Fuerschungsstanduert
Méi an net manner CDIe fuerdert den OGBL. Dat wier net just am Interêt vun de Fuerscher, mee och vum Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg. Fir d'Wëssen an d’Kompetenzen am Land ze halen.
Der EU-Kommissioun no wier Lëtzebuerg awer fir d'Fuerscher attraktiv, seet de Léon Diederich. D'CDDe wiere jo och just op jonk Fuerscher limitéiert. Scho wärend dem Doktorat zu Lëtzebuerg misste si eng Pai kréien a sozial verséchert sinn. Dat ass net an alle Länner esou.
Fir d'Tina Angerer ass awer kloer, datt just d'Betriber, respektiv d’Fuerschungszentren vun de ville CDDen an der Wëssenschaft profitéieren.
“Junge Wissenschafter bringen viel neues Wissen, das sie der Firma zur Verfügung stellen. Aber sie muss den Wissenschaftlern keine Stabilität im Ausgleich geben.”
Der Fuerscherin hire Wonsch no méi Stabilitéit geet awer an Erfëllung. Wann och net zu Lëtzebuerg. Si krut e feste Kontrakt a Schweden a plënnert deemnächst mat hirem Mann dohinner.
 
                     
                     
                     
                    