E Mëttwoch gëtt an der Chamber e Pak vu fënnef Gesetzer gestëmmt, déi d'Vermeide vun Offall am Viséier hunn.

Déi Gréng schwätzen an engem Communiqué vun enger Revolutioun am Ëmgang mat de Ressourcen, well an Zukunft solle Staat, Gemengen, d'Butteker an d'Acteure vun der Offall-Gestioun responsabiliséiert ginn. De Motto heescht: Raus aus der "Ewechpuch-Wirtschaft", eran an d'Kreeslaf-Ekonomie.

Dës legislativ Texter sinn awer net onëmstridden: d'CLC zesumme mat der Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun (FLAD), wouranner quasi all Supermarchéschaînë vertruede sinn, spuert net mat Kritik. Wéi et heescht, géifen déi nei Dispositioune keng reell ekologesch Plus-Value bréngen, och wier de Secteur net vun den zoustännege grénge Ministere consultéiert ginn.

Viséiert ass d'Verhënnere vu Verpackunge respektiv de Recyclage dovunne. Lëtzebuerg géif sech Gesetzer ginn, déi iwwert déi europäesch Offall-Bestëmmunge géifen erausgoen: dës Lëtzebuerger "Extravaganz" géif de Verbraucher eng deier ginn, heescht et vun der CLC an der FLAD.

D'Patronats-Vertriedunge soen, datt d'Gesetzer inkoherent an absolut net dem Lëtzebuerger Ökosystem ugepasst wieren.

Fir dëst z'illustréieren, ginn dräi nei Mesuren opgezielt, déi an der Kritik stinn: d'Schafe vu 45 Recycling-Zentren a gréissere Supermarchéen, de Verbuetk fir frëscht Uebst a Geméis ënnert engem Gewiicht vun annerhallwem Kilo an ze paken an d'Aféiere vun enger Consigne op all Gedrénks.

De François Benoy ass iwwermuer iwwerdeem de Rapporter vun de kritiséierten Offall-Gesetzesprojeten.