1.400 Léisungen, fir d'Ëmwelt op rentabel Manéier ze schützen
Energietransitioun ass jo dat grousst Wuert, wat lo mam Ukrain-Krich nach eng ganz aner Bedeitung krut.
Zanter Jore warnen Klimaexperten, dass mer musse fort vu fossillen Energien hin zu natierlechen - d'Ofhängegkeet vu Russland schéngt dat Ganzt lo ze acceleréieren.
De Schwäizer Bertrand Piccard, deen 2016 mat engem Solarfliger ronderëm d'Welt geflunn ass, priedegt schonn zanter Joren, dass och mat Nohaltegkeet Rentabilitéit méiglech ass.
De Visionär war en Donneschdeg op Invitatioun vun der Chambre de Commerce zu Lëtzebuerg.
Den Ukrain-Krich a seng Konsequenzen iwwer déi dramatesch humanitär Situatioun eraus, hätt dee Krich zwou weider Krisen ausgeléist: déi ronderëm d’Energien an eng Alimentaire.
"Et ginn net méi genuch Liewensmëttel produzéiert an net genuch Energieproduktioun fir verschidde Länner an Afrika an an Europa. Wat maache mir? D'Äntwert ass genee déi selwecht wéi fir de Klimawandel. Mir gi méi effikass. Mir spueren. Mir halen op ze verschwenden."
Effizienz. E Wuert, dat de Bertrand Piccard ëmmer nees am Gespréich gebraucht. Do ka jiddereen vun eis säint derzou bäidroen. An deem mer méi lokal akafen. An deem mer Energie spueren. Offall triéieren.
"Dat Wichtegst, wat de Bierger maache kann, ass Drock op d'Regierungen ze maachen, d'Reglementer ze moderniséieren. Well et haut nach legal ass ze polluéieren, ineffizient ze sinn."
Den Donneschdeg géint der Owend huet de Visionär a Presenz vum Grand-Duc, vun zwee Minister, a virop och vum Patronat an engem strubbelvolle Sall Beispiller genannt, wéi een ëmdenke kann.
"Et gi vill Start-up, déi Systemer entwéckelen, fir d'Hëtzt aus dem Kamäin vu Fabricken ze recuperéieren, an dann a geothermesch Energie ze verwandelen, fir Wärmepompelen an de Stied z'installéieren. Wat vill méi effizient ass fir Gebaier ze hëtzen oder ze killen. Et ginn elo Systemer déi et erméiglechen ëffentlech Deponien komplett ze vermeiden. Wou mir Offall an Bausteng verwandelen oder souguer Plastik recycléieren fir Miwwelen ze maachen."
D'Entreprisen dierften eent net vergiessen: wien méi effizient mat der Energie a mat Ressourcen ëmgeet, géif Geld spueren an deemno méi Benefice maachen. An deem en d'Ëmwelt schount.
"D'Entreprisen mengen nach op dat géif vill Geld kaschten. Et wier e finanzielle Sacrifice. Ech wëll mat der Fondatioun Solar Impuls weisen, dat et grad de Géigendeel ass. Et ginn Haut schonn Weltwäit 1.400 Léisungen déi beleeën dat een d'Ëmwelt op eng ekonomesch Rentabel Manéier schützen kann. Léisungen déi d'Entreprisen iwwerhuele kënnen. Interne oder och fir nei Geschäftsmodeller z'entwéckelen. A Beräicher déi d'Ëmwelt schützen."
"Faire de la France une grande Nation Ecologique." Dee Saz vum frësch gewielte President Macron e Sonndeg ass hei zu Lëtzebuerg net op daf Ouere gestouss. De Projet vum Emmanuel Macron, nei Atomzentralen ze bauen, déi an 10-15 Joer a Betrib ginn, gesäit de Bertrand Piccard als illusoresch. Déi al zoumaachen wier awer och irresponsabel. Et misst ee sech Zäit loossen, .. fir d’Energie-Transitioun. Eriwwer bei Wandparken am Mier, Sonnenenergie, Biomass, Geothermie, Hydrogène. Da géif d’Nuklearenergie mat der Zäit ganz einfach ze deier.