De KloertextMéi Gewalt: gefillt oder Realitéit?

Caroline Mart
Gewalt ass e schwieregt Theema, och politesch, well ee mat der Angscht liicht spille kann. Déi klëmmt natierlech bei Nouvellë wéi dem Mord um Lampertsbierg oder dem Puppelchen, deen einfach esou op de Kapp geschloe kritt.
© Nelson Cheung / RTL

Klëmmt d’Zuel vun de Gewaltdoten? Wat ass Gefill, wat sinn d’Fakten, wat soe Police a Parquet? Ass och allgemeng eis Gedold méi kleng an d’Zündschnouer méi kuerz ginn am Ëmgank mateneen, kuckt jidderee just nach no sech?

Wat erlieft d’Personal am Transport oder de Spideeler, wéi ass et nach mam Respekt? Doriwwer schwätze mir en Donneschdeg den Owend um 20 Auer am Kloertext.


Eis Invitéen:

Simone Flammang
Procureur général d’Etat adjoint

Simone Flammang
Simone Flammang
© Nelson Cheung - rtl.lu

Tim Pauly
Polizist
Nationale Preventiounsservice vun der Kriminalitéit (SNPC)

Tim Pauly
Tim Pauly
© Nelson Cheung - rtl.lu

Laurence Bouquet
Service “Riicht Eraus” Rout Kräiz
Schafft mat Täter

Laurence Bouquet
Laurence Bouquet
© Nelson Cheung - rtl.lu

Dr Romain Schockmel
Medezineschen Direkter CHEM
President Handballfederatioun

Dr Romain Schockmel
Dr Romain Schockmel
© Nelson Cheung - rtl.lu

Mylène Bianchi
Presidentin Syprolux

Mylène Bianchi
Mylène Bianchi
© Nelson Cheung - rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO