Agence scho bal 5 Joer zouD’CNS bleift zu Ettelbréck, mee plënnert op eng aner Plaz

Marc Hoscheid
Zanter Juli 2021 ass d'Agence vun der Gesondheetskeess zu Ettelbréck zou. Grond si Schied, déi duerch dat deemolegt Héichwaasser verursaacht goufen.
© RTL

D’Büroe befanne sech am fréiere Monopolsgebai, méi genee op där Säit, wou et iwwert d’Bréck an den Däich geet. Aktuell kann ee seng Courrieren un d’CNS just an eng Boîte virum Gebai werfen. D’CNS wäert dës Agence och net méi opmaachen, dat krut RTL op Nofro hi confirméiert. Et wéilt een net an eng grouss Renovatioun an enger Iwwerschwemmungszon investéieren. Par Conter wier no enger Alternativ gesicht ginn an déi hätt ee mëttlerweil fonnt.

An zwar am Centre administratif Nordstad, dee grad um Site vun der fréierer Zigarettefabréck an der südlecher Entrée vun Ettelbréck entsteet. D’Gebai wäert Mëtt vun dësem Joer fäerdeg sinn, sou datt ee bei der CNS plangt, déi nei Agence am Ufank vum nächste Joer opzemaachen.

Et hätt ee sech fir dës Plaz entscheet, well se esouwuel mam Auto, wéi och mam ëffentlechen Transport, mam Vëlo an zu Fouss gutt ze areeche wier a sech hei och ee medezineschen Zentrum, notamment d’Ettelbrécker Maison médicale an aner ëffentlech Déngschter néierloosse wäerten.

Back to Top
CIM LOGO