Wouhi mam Klärschlamm?D'Firma Soil-Concept fillt sech vum Ëmweltministère ongerecht behandelt

Diana Hoffmann
Bei der Firma Soil-Concept um Fridhaff gëtt zanter iwwer 20 Joer Klärschlamm zu Kompost verschafft.
© RTL

Wou d’Nofro nom Kompost awer zréckgaangen ass, wollt de Gerant vun der Firma, de Marc Demoulling, en Ausbau vun der Entreprise a Richtung thermesch Verwäertung vum Klärschlamm maachen. Vun deem Ament un hunn fir hien d’Problemer ugefaangen. Zanterhier ass hien am Klinsch mat der Ëmweltverwaltung.

Soil Concept / Rep. Diana Hoffmann

Kee wéilt eppes mam Klärschlamm ze dinn hunn, mee et misst een sech dorëm këmmeren, an en net einfach an d’Ausland féieren a verbrennen, seet de Marc Demoulling. Seng Entreprise huet virun e puer Joer dofir eng sougenannte Vergasungsanlag gebaut, mat där aus Klärschlamm kann thermesch Energie produzéiert ginn.

“Leider sinn d’Baukäschte wäit iwwert de Budget erausgaangen. De Projet ass vum Ministère de l’Environnement kofinanzéiert, vun deem mir Sue kritt hunn. Awer déi 1,2 Milliounen, déi de Projet méi kascht huet, wéi dat geplangt war, déi hu mer net kritt.”

Genau déi Suen hunn nämlech gefeelt, fir nach eng adequat Filtertechnik anzebauen, datt d’Maschinn iwwerhaapt a Betrib goe kann. De Problem ass, datt zanter zwee Joer, nodeems eng Klärschlamm-Etüd publizéiert gouf, all Bestriewunge fir en Investissement Säitens diverse Ministèren agestallt gi wieren. Den Ëmweltministère wéilt elo d’Verwäertung vum Klärschlamm selwer an d’Hand huelen, mengt de Marc Demoulling, bei deem sech elo de Klärschlammkompost sammelt. Eng Léisung gesäit hien doranner, fir dësen a Frankräich ze verkafen, mee och do bleift e Problem:

“Fir de Kompost richteg kënnen am Ausland ze vermaarten, däerf et keen Dechet méi sinn. Dat heescht en muss en “End of Waste"-Status kréien.”

D’Material vu Soil-Concept géing d’Krittären dofir awer erfëllen, seet de Marc Demoulling, an ass dofir virun d’Verwaltungsgeriicht gezunn. Da stëmmt net, äntwert d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring en Donneschdeg op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fred Keup. Si verweist op en Urteel vum 23. Mäerz vum Verwaltungsgeriicht, an deem confirméiert gouf, datt de produzéierte Klärschlammkompost och weiderhin als Offall ze gesinn ass.

Déi nei Ëmweltministesch weist sech awer dialogbereet. E Mëttwoch huet si an de Marc Demoulling Rendez-vous. Dësem brennt besonnesch eng Fro ënnert de Fangerneel:

“Gëtt de Site Fridhaff zréckbehalen, als ee vun deenen dräi Sitten, déi national Léisung vum Klärschlamm soll duerstellen. Oder wat hunn se wëlles domat?”

Den Dossier géing beaarbecht ginn, heescht et an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro. Et wier der Firma awer erlaabt thermesch Energie ze produzéieren, wéi aner Firmen dat och géinge maachen. Aus dem Schreiwes geet nach ervir, datt Soil-Concept opgefuerdert ass, sech bis Enn dës Mounts u bestëmmte Bedingungen ze halen, well d’Aktivitéit vum Betrib nämlech soss géing op Äis geluecht ginn.

Reaktioun vun Ëmweltministesch

Reaktiounen op Klärschlamm vu Soil-Concept
Wou d’Nofro nom Kompost zréckgaangen ass, wollt de Gerant vun der Firma, de Marc Demoulling, en Ausbau vun der Entreprise a Richtung thermesch Verwäertung

Vue dass d’Politik ëmmer méi dovunner ewechkënnt, d’Réckstänn aus de Kläranlagen erëm als Dünger op d’Felder ze geheien, gëtt an Europa no Léisungen gesicht, wéi een dësen Offall an eng Ekonomie Circulaire kann abannen. Esou Etüde sinn och zu Lëtzebuerg an der Maach, an d’Resultater sollen a 5 Plaze am Land, ëmgesat ginn, wéi déi nei Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

Reaktioun Joëlle Welfring Soil Concept / Rep. Monique Kater

De Chef vu Soil Concept, de Marc Demoulling, gesäit seng Firma als potentielle Site vun esou enger Klärschlammverwäertung, ass awer der Meenung, dass hien a seng Firma elo vun der Regierung blockéiert géifen. Detailer respektiv d’Positiounen vum Patron an Ëmweltministère ginn et am Journal vun der Telé.

Back to Top
CIM LOGO