
Ausnamen ware bis elo, ofgesi vun der Pandemie, just an extreme Fäll méiglech. Dat gëtt elo anescht. An Zukunft kann e Gemengerot verschidde Lokalitéiten an der Gemeng designéieren, fir zivil Hochzäiten a PACSen ze zelebréieren. Dat kënnen historesch Gebaier, Festsäll, e Park oder e Schlass sinn, dat op ass fir de Public. Reliéis Gebaier komme just a Fro, wa se desakraliséiert goufen.