An eiser neier Serie kritt Dir eng Rei Iddien a Projete virgestallt, wéi d'CO2-Bilanz vun all Awunner bis 2050 kéint reduzéiert ginn.

"Mir hunn ze vill CO2-Emissiounen a versigelen ze vill Buedem." Dat huet de Landesplanungsminister Claude Turmes d'lescht Woch op der Presentatioun vum sougenannten "Luxembourg in Transition" betount.

Véier Ekippen hunn iwwer eng Partie Méint un Iddien, Projeten a Visioune geschafft, wéi Lëtzebuerg bis 2050 d'CO2-Emissiounen op eng Tonn pro Awunner pro Joer reduzéiert kritt. Eng Partie dovu stelle mer iech déi nächst Deeg an enger Serie vir. Wat genee déi Consultatioun bruecht huet a wéi et viru soll goen, doriwwer huet de Minister Claude Turmes geschwat.

Luxembourg in Transition / Rep. Claudia Kollwelter

Fir vun haut 15 bis 20 Tonnen CO2-Emissioune pro Awunner pro Joer op just nach eng Tonn ze kommen, verlaangt en ëmdenken op villen Niveauen. Zum Beispill an der Manéier, wéi mer dat wat mer schonn hunn, notzen. De Landesplanungsminister erkläert, datt an de Stied verdicht muss ginn:

"Wann ech e bestoende Quartier hunn, kann ech deen anescht amenagéieren. D'Autoen eraus huelen an an e provisorescht Parkhaus maachen, eng méi flott Strooss maachen. An dann hunn d'Leit déi do wunnen och bestëmmt näischt dogéint, wann en Haus nach een oder zwee Stäck drop kritt."

Multifunktionalitéit als Schlësselelement

Wichteg wier et donieft eis Gebaier méi multifunktional ze maachen an se sou gutt wéi méiglech ze notzen. De Claude Turmes nennt d'Beispill vun de Schoulen

"Deier Infrastrukturen, heiansdo Sportshalen déi just fir Sport genotzt ginn. Zu Kopenhagen zum Beispill gi Schoule gebaut, mat driwwer Wunnengen. De Schoulhaff ass op fir d'Awunner, natierlech net wärend de Schoulstonnen, mee dono gëtt déi deier Infrastruktur 365 Deeg am Joer genotzt."

Mir kréien ëmmer méi Awunner. Ma och fir d'Leit, déi an a ronderëm der Stad wunne wier et wichteg, d'Liewensqualitéit héich ze halen an hinne weider den Zougang zu der Natur an de Bëscher ze erméiglechen:

"Do wäerte mer versichen un engem Projet vun enger "Ceinture verte" ze schaffen, wéi zu Stroossbuerg, Paräis a Kopenhagen. Mir brauche Liewensqualitéit an der Stad, well soss ass se net immens attraktiv."

E weider Projet ass dee vum Tausch vun Terrainen:

"Eis Dierfer wuessen ze vill no baussen an d'Gréngs, a bannen dra sinn et Wüüsten. Et wunnen esou mann Leit am Zentrum, datt e kee Bistro, keen Dokter oder keng Epicerie méi huet. Dofir ass et d'Iddi datt een tëscht Proprietären tausche kann. D'Proprietéit déi am PAG Terrainen hunn déi vläicht net geneemegt kënne ginn an sou am Gréngs sinn, datt mer léiwer hätten, se kriten e Recht en Terrain am Zentrum vum Duerf ze entwéckelen."

Zesumme mat de Gemengen an anere Ministèrë soll elo doriwwer diskutéiert ginn, huet de Claude Turmes nach betount.

A wéi Gemengen an Zukunft kënnen ausgesinn, wat a wéi gebaut ka gi fir méi nohalteg ze ginn, dat héiert Dir en Dënschdeg am zweeten Deel vun eiser Serie, wou mer mat engem Architekt op d’Pläng vun e puer Gemenge gekuckt hunn.