Europäeschen Dag vum 112Nei Technologië sollen de Secouriste bei der Aarbecht hëllefen

Diana Hoffmann
Emergency Eye heescht déi nei Software, déi de CGDIS zanter September am Fall vun enger Urgence notzt. Per Link kann e Videouruff mam CGDIS hiergestallt ginn.
Och bei Noutriff sollen nei Technologien an den Asaz kommen

Pro Dag rabbelt an der Zentral vum CGDIS am Schnëtt 706 Mol den Telefon. Net ëmmer ass awer eng Persoun an Nout. Ëmmer nach notze Leit d’Nummer fir Renseignementer oder am Plaz vum 113. “D’Leit dobausse musse sech bewosst sinn, dass wa si hei uruffen, an et net fir den 112 ass, si eng Linn blockéieren. Dës ass dann net fräi, fir eng Persoun, déi an enger Noutsituatioun ass”, huet den Inneminister Léon Gloden op enger Pressekonferenz zum Ulass vum Dag vum 112 ënnerstrach.

Vun de 706 Appeller kënnt et dann an 206 Fäll zu engem Asaz. Vum éischte Kontakt, bis dass Hëllef um Wee ass, dauert et am Duerchschnëtt 2,5 Minutten, erkläert de Jerôme Gloden vun der Direktioun vun der Koordinatioun. E sougenannten Operateur Dispatcher hëlt um Telefon an der Zentral déi éischt Informatiounen eran. Hannendrun ass dann den Operateur régulateur, deen iwwert den Asaz kuckt, ob alles korrekt verleeft. Bei engem gréisseren Accident kann dësen zum Beispill scho kucken, wou genee d’Plaz ass, wou d’Ambulanz hi muss. Des Weideren ass dann nach en Officier santé an der Zentral am Asaz, dee wann néideg, eng medezinesch Berodung mécht.

Fir dass d’Secouriste kënne méiglechst gutt preparéiert op d’Plaz kommen, oder och op Distanz assistéieren, gëtt zanter September eng nei Funktioun fir e Videocall agesat mam Numm Emergency Eye. Dës gëtt aktuell zwee bis dräi Mol den Dag genotzt. Eng weider nei Technologie gëtt och an deem Kader getest. “Säit e puer Deeg hu mer en éischten Test, wou mer kënschtlech Intelligenz notzen, fir Iwwersetzungen ze maachen. Elo wëlle mer Erfarungen domat sammelen, fir ze kucken, wéi mer déi Technologië kënnen an der Leetstell an den Asaz bréngen”, huet de Jan Niebelschütz, Departementschef vun der Conduite Operationelle, ënnerstrach. Iwwert de Link, deen der Persoun zougeschéckt gëtt, huet dës Accès zu engem Chat, fir mam CGDIS ze kommunizéieren. Wa si an enger Friemsprooch schreift, gëtt den Text duerch d’KI an eng vun de Landessproochen iwwersat. Déi kënschtlech Intelligenz kann dann och bei Gespréicher Kaméidi am Hannergrond erausfilteren oder bei der Lokalisatioun hëllefen.

E weidere Projet, deen dann ëmmer nach leeft, fir d’Ekippe vum CGDIS z’ënnerstëtzen, huet den Numm Staying Alive, deen de leschten Oktober presentéiert gouf. Iwwer 3.000 Leit sinn hei scho registréiert. “Jidderee ka sech umellen a Liewe retten, wann et zu engem Häerzstëllstand kënnt. Dann zielt all Sekonn”, huet de Jan Niebelschütz gesot. Leit, déi beim System gemellt sinn an an der Géigend vun enger Urgence sinn, ginn dann alarméiert. Op der Plaz kënne si dann eng Reanimatioun duerchféieren a gi vum CGDIS vun Ufank un op Distanz assistéiert. Zejoert goufen et 224 Alerten iwwert de System vu Staying Alive. Dëst Joer waren et scho 47. Eng ronn 1.500 Defibrillatore sinn iwwert d’Land verdeelt, fir Éischt Hëllef ze leeschten.

258.000 Appeller koumen zejoert um 112 eran. A 70,6 Prozent kënnt et an der Suite net zu engem Asaz op der Plaz. An 3.400 Fäll waren et zejoert zum Beispill och automatesch Appeller, déi bei Autosaccidenter declenchéiert goufen. Dobäi kann et sech och ëm einfach Opfueraccidenter handelen ouni Blesséierter.

PDF: D'Schreiwes vum CGDIS zum Europäeschen Dag vum 112.

Back to Top
CIM LOGO