
Wéi d’Police schreift, wier en Dënschdeg de Moien an eng Wunneng an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng agebrach ginn. E puer Täter hätten deemno eng Balconsdier ageschloen, fir an d’Appartement eran ze kommen. Hie hu si e Fernsee an eng Playstation geklaut. Am Kader vun den Ermëttlunge konnte kuerz Zäit drop zwee Verdächteger gepëtzt ginn. Op sech haten déi zwee divers geklaut Géigestänn, déi de Besëtzer zréckkrut. De Parquet huet ordonéiert, déi zwee festzehuelen. Si haten e Mëttwoch de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Dee selwechte Mëtteg waren der Police Abréch an zwee Liwwerween op engem Parking an der Stroossbuerger Strooss am Garer Quartier gemellt ginn. Hei hunn zwee Täter jeeweils eng Fënster ageschloen an hunn e puer Géigestänn matgoe gelooss. Och si konnten net laang no der Dot gestallt ginn. Dat op der Héicht vun der Place de la Gare. Ee vun de Männer hat gelaut Saache bei sech, deen anere Geschier. De Parquet huet och an dësem Fall ordonéiert, déi zwee festzehuelen. Och si hunn e Mëttwoch misse bei den Untersuchungsriichter.