
Elo geet d’Affär vum Me Lutgen géint den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues an déi nächst Instanz, dat heescht den Appell. Wat am éischte Moment eventuell wierkt wéi e banale Sträit tëscht zwee Juristen, huet fir den Ugeklote Me Lutgen e Präzedenzfall-Charakter.
Am Fong goung et an der Affär drëms, wat en Affekot duerf ënnerhuelen, fir d’Intressie vu sengem Client ze vertrieden a wat net. De Me Lutgen war wéinst Intimidatioun an Outrage, also Beleidegung, géint den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues, ugeklot.
Ausgangspunkt war eng Enquête no engem déidlechen Aarbechtsaccident bei ArcelorMittal am Mee 2019. E 45 Joer ale Mann ass deemools un engem Stroumschlag gestuerwen. Doropshi gouf en Haaptstroumschalter versigelt an dat iwwert e puer Deeg. Dat huet souwuel d’Wierk zu Déifferdeng wéi och dat zu Belval impaktéiert, et hu Verloschter vu bis zu 20 Milliounen Euro d’Woch kéinte ginn.
Den Affekot Me Lutgen, dee fréier och selwer Untersuchungsriichter war, huet ArcelorMittal vertrueden. Hien huet du beim deemolegen Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues nogefrot, wou d’Affär dru wier, awer no enger éischter Réckmeldung keng Äntwert méi kritt.
Doropshin huet de Me Lutgen e Mail un d’Procueure d’Etat Martine Solovieff an déi deemoleg Minister Braz a Schneider verschéckt. Fir den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues en Akt vun Intimidatioun an Outrage.
An der Affär géing et ëm d’Onofhängegkeet vun hirem Beruffsstand goen, fënnt den Affekot vum Me Lutgen, de Me Prum, beim Prozess am November. Et wier schlëmm, wa säi Client géing verurteelt ginn, souwuel fir den Ugeklote selwer wéi och fir déi ganz Professioun. Da kéint de Parquet den Affekoten indirekt diktéieren, wéi si ze schaffen hätten.
D’Defense vum Untersuchungsriichter, de Me Cravatte, huet dat awer deemools anescht gesinn. D’Prinzippie vun der Onofhängegkeet vun den Affekote wier wichteg a richteg, mee hei wier d’Grenz zum Penalen iwwerschratt ginn.
D’Urteel am Dezember war deelweis e Succès fir de Me Lutgen: D’Aschüchterung gouf fale gelooss, de Me awer wéinst Beleidegung zu 2.000 Euro Geldstrof an engem symboleschen Euro fir de Filipe Rodrigues verurteelt ginn. Den Affekot vum Me Lutgen, de Me Prüm, am Dezember 2021 war deemools frou, dass de fir si schlëmmste Punkt, also dee vun der Intimidatioun fale gelooss gouf. Trotzdeem geséiche si och kee Fall vun Outrage an der Affär.
Den Ugekloten ass doropshin an Appell gaangen. Den Optakt vun deem Prozess ass de Méindeg de Mëtteg an der Stad.