Beweeggrënn vum Patron fir d'Entloossung bleiwen onkloer
De Minister Franz Fayot huet no der Chamberkommissioun betount, hie géing sech an enger kafkaesker Situatioun befannen, mat där hien näischt ze dinn hätt.
Den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot huet en Donneschdeg de Moien no der Chamberkommissioun erkläert, datt hien an der Affär Da Costa keen Drock ausgeüübt huet, deen zu der Entloossung vum Mann gefouert huet. Nach hätt hien iergendengem vu senge Beamten eng deementspriechend Uweisung ginn. Déi gréissten Oppositiounspartei, d’CSV, gëtt sech mat dëser Ausso vum Minister zefridden.
Nodeems de jonken Hydro-Meteorolog Jeff Da Costa de Management vun der Regierung bei der Héichwaasserkatastroph am Juli zejoert ëffentlech kritiséiert hat, war dësem gekënnegt ginn. D'Fro, mat där sech déi Deputéiert en Donneschdeg an den zoustännege Kommissioune befaasst hunn, war, ob d'Entloossung d'Suite vu politeschem Drock war. Kee Fakt géing heifir schwätzen, seet de Gréngen Deputéierte François Benoy.
An der Kommissiounssëtzung wier erauskomm, datt den Direkter vun RSS Hydro, dem fréiere Patron vum Jeff Da Costa, iergendwann wuel e Revirement gemaach hätt. Méiglecherweis wier him d'Kritik vu sengem Employé un der Regierung ze vill ginn, sou datt hien dësen an der Proufzäit entlooss huet. "Mir sinn also hei an engem privatrechtleche Kader", ënnersträicht de Gréngen Deputéierten. Elo wier et un engem Geriicht fir an där Affär ze tranchéieren.
Datt dat Ganzt e bëssi anescht verlaf wier, wéi bis elo duergestallt, seet och de Wirtschaftsminister Franz Fayot. De Patron vun RSS Hydro hätt sech vu sech aus un him bekannte Beamten aus dem Wirtschaftsministère a vu Luxinnovation geriicht. Dobäi hätt hie sech iwwer d'Aussoe vu sengem Employé zu den Iwwerschwemmunge beschwéiert. Et wier awer net dorop reagéiert ginn, oder souguer au contraire gesot ginn, datt de Jeff Da Costa net soll entlooss ginn.
Eng Versioun vun der Affär, där de Piraten Deputéierte Marc Goergen kee Glawe wëll schenken. Him schéngt dat Ganzt net koscher. De Chef vun der Entreprise hätt schliisslech all d’Interviewen, déi säin Employé de Jeff Da Costa ginn hat, op Youtube gedeelt. Doriwwer eraus géing et jo och nach WhatsApp-Noriichte ginn, déi géinge beleeën, datt Drock gemaach gi wier.
Den CSV-Deputéierte Gilles Roth gesäit kee Grond, un den Aussoe vum Minister ze zweiwelen. Hien hält fest, datt et keen Drock vun engem Regierungsmember gouf, deen zu der Kënnegung vum Doktorand gefouert hätt. Et géing ee feststellen, datt Ausso géint Ausso géing stoen, an datt et e Sënneswandel beim Direkter vun RSS Hydro ginn hätt. Doropshin hätt dësen eenzel Beamte kontaktéiert. Ma et géing awer och ëmmer nach déi WhatsApp-Noriicht ginn, an där den Direkter un de Jeff Da Costa schreift, datt dëse sech net kéint virstellen, wat déi ganz Affär fir en Ausmooss um Niveau vun der Regierung gehat hätt. Lo géing awer ëmmer nach d'Fro bleiwen, wat genee op enger Etage, ënnert där vun de Regierungsmember, da virgefall ass.