D'Parteipresidentin Francine Closener huet drun erënnert, wat d'LSAP fir Lëtzebuerg ass a wat d'Sozialiste schonn alles déi lescht Jore geleescht hätten.

"Hei am Land gëtt et keng Sozialreform, keng gesellschaftspolitesch Reform, kee Fortschrëtt, ouni datt d'LSAP hannendru war, déi dreiwend Kraaft war."

Si schwätzt och vun enger Politik, déi an dësen Zäiten ëmmer erëm neien Erausfuerderungen entgéintgesat ass vu Populismus bis zu Krich. D'LSAP ass dowéinst immens wichteg fir dës Generatioun a fir déi, wou hannendru kommen.

Esou d'Francine Closener: "Datt mer zouverlässeg sinn, datt mir sozial verträglech Politik maachen a virun allem och eng realistesch Politik, dat ass extrem wichteg, grad an dëser Zäit, wou mir esou vill Defien hunn, wou mir en neie Gesellschaftsmodell sollten opbauen, dofir ass et fir eis ganz kloer, datt d'LSAP och an Zukunft kruzial bleift fir d'Zukunft vun eisem Land."

RTL

Sou och den Amir Vesali, Co-President vun de jonke Sozialisten, deen an de Sozialisten eng Méiglechkeet gesäit, datt d'LSAP mat hirer jonker an dynamescher Ekipp kéint déi stäerksten Partei ginn:

"LSAP fir mech bedeit eng Partei, déi fir manner bemëttelt Leit an der Gesellschaft asteet, dat war d'Kär-Iddi vun der sozialistescher Partei, bei der Entstehung virun 120 Joer a bis haut huet sech näischt dorunner geännert, obwuel mer Aarbechterpartei heeschen, setze mer eis awer och fir aner Gesellschaftsschichten an."

Och d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert betount, wéi wichteg d'LSAP fir déi nächst Zäiten ass:

"Dës Zäite weisen, datt Begrëffer, déi vläicht bësse veraalt waren, wéi Solidaritéit, de staarke Sozialstaat, dass dat et eppes Eideles ass, et ass näischt Selbstverständleches, et ass eppes, wou ee sech muss permanent dofir asetzen an dat ass eis Chance vun der Zäit elo, eppes, wat vläicht net interesséiert huet, well et jidderengem gutt gaangen ass."

De Grënnungsdatum vun den haitege Sozialiste geet offiziell zréck op d’Joer 1902. Den Numm LSAP dréit d’Partei zënter Mëtt de 40er Joren. Hire gréissten nationalen Erfolleg haten d’Sozialisten mat méi wéi 33% vun de Wielerstëmme bei de Chamberwalen 1984.

Aktuell zielt d’LSAP ënner anerem 6 Ministeren, 10 Deputéiert an 19 Buergermeeschteren. Zuelen, déi een am Superwaljoer 2023 nach wëll eropsetzen.

RTL