Kollisioun tëscht zwee Autoen, zwee Blesséierter

© RTL / Domingos Oliveira
E Méindeg de Moie géint 7.15 Auer sinn zu Éiter op enger Kräizung zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert.
Duerch den Accident gouf et gréisser Repercussiounen op den Trafic, well et net laanschtgaangen ass.
E Méindeg de Moie géint 5.50 Auer ass beim Findel e Bus accidentéiert a géint 7 Auer gouf et en Accident mat 2 Gefierer um CR111 tëscht Uewerkäerjeng an Héiweng.
Zu Bouneweg huet an der Nuecht op e Méindeg géint 4 Auer iwwerdeems eng Lokomotiv gebrannt. Hei waren d'Stater Pompjeeë gefuerdert.
Am Lokale mellt de CGDIS e Motorrads-Accident e Sonndeg den Owend géint 21.15 Auer zu Dikrech. E Motard war gefall a gouf blesséiert. Ënnert anerem den Ettelbrécker Samu war op der Plaz. E weidere blesséierte Motorradsfuerer hat et scho géint 18 Auer zu Monnerech ginn. Och hei war de Chauffeur gefall, eng Ambulanz vun Esch war op der Plaz.
Zu Leideleng gouf et géint 18.30 Auer een Accident mat engem Blesséierten. D'Secouriste vu Leideleng a Monnerech an eng Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz.