Proposition de loi deposéiertNeit Gesetz soll reegele wéi Regierungsmember penal kënnen ugesicht ginn

Diana Hoffmann
Zil vum Gesetzesvirschlag ass, dass déi genee Prozeduren definéiert ginn, wann e Regierungsmember oder fréiere Regierungsmember géint d'Gesetz verstéisst.

An der Suitte vun der Affär-Gaardenhaischen, wou der fréierer Grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg Vetternwirtschaft virgehäit gëtt, war erauskomm, dass esou e juristeschen Text géing feelen.

Projet de loi - Reportage vum Diana Hoffmann

Den Ament ass d’Gesetz esou, datt d’Justizautoritéite keng Ermëttlunge kënne géint e Minister oder e fréiere Minister féieren, ouni datt se dofir d’Autorisatioun vun der Chamber hunn. Fir d’éischt muss d’Chamber also e Vott doriwwer huelen. Wann dann Ermëttlunge sollen ageleet ginn, bräicht ee kloer Reegelen, déi nach feelen, seet den CSV-Vizepresident vun der Justizkommissioun, de Gilles Roth:

“Dës Gesetzespropositioun gesäit déi Reegele vir, wéi et fir all Mënsch viru Geriicht ass. Dat heescht déi Ermëttlunge ginn no enger normaler Prozedur gemaach. Dono kënnt den Dossier zréck bei d’Chamber an dann ass et un der Chamber ze decidéieren, ob et zu enger Uklo kënnt oder net.”

Den CSV-Deputéierte geet dovunner aus, datt ee sech bei där Decisioun an der Chamber der Conclusioun vum Parquet an de Justizautoritéite wäert alignéieren. Mat der Gesetzespropositioun wéi se virläit, géing een der betraffener Persoun Previsibilitéit ginn. Wat dëst genee fir den Dossier Dieschbourg heescht, wéinst deem et iwwerhaapt emol zu der Proposition de loi komm ass, erkläert de Gilles Roth.

“Wann déi heite Prozedur eng Vigueur ass, da geet e bei de Parquet. De Parquet mécht dann déi Untersuchungen a Charge ou a Decharge vun där betraffener Persoun, gegebenenfalls vun anere Persounen. An da kënnt den Dossier mat dem Resultat vun deenen Ermëttlungen, a mat dem Avis vun de Justizautoritéite bei d’Chamber, an et ass dann un der Chamber ze decidéieren, ob se eng Culpabilitéit, dat heescht eng Standhaftegkeet vun der betraffener Persoun zréckhält oder net.”

Den CSV-Deputéierten hofft, datt d’Propositioun elo séier vum Staatsrot aviséiert gëtt, soudatt se am Hierscht ka vun der Chamber ugeholl ginn an een a raisonnabelen Delaie bleift.

Mat der neier Verfassung wäert sech de Problem vun de feelende Prozeduren awer net méi stellen. Da wäert d’Justizautoritéit decidéieren, ob et zu enger Uklo kënnt oder net, sou wéi dat bei jidder aneren och de Fall ass. Mat der eenzeger Ausnam, datt eng Privatpersoun net kann e Minister oder fréiere Minister opgrond vu Faiten, déi op seng Amtszäit zréckginn, viru Geriicht huelen. Dëst kann nämlech just de Parquet.

Back to Top
CIM LOGO