Déi weltwäit Synode an der kathoulescher Kierch gouf d'lescht Joer lancéiert an hei zu Lëtzebuerg hunn am Ganze 4.590 Fraen a Männer hire Feedback ginn.

Wéi kann een d‘Kierch méi lieweg maachen? Dës Fro steet am Zentrum vun der weltwäiter Synode déi zejoert lancéiert gouf an un där hei am Land am ganze 4.590 Fraen a Männer Deel geholl hunn. Dorënner 17 Prozent Jonker an och een Drëttel dovunner Persounen, déi um Rand vun der Kierch stinn an normalerweis net participéieren.

D'Kierch huet den Dialog mat der Gesellschaft gesicht an deemno och fonnt.

D'Fuerderunge vun der ganz diverser Communautéit déi zu Wuert konnt kommen ass ganz däitlech: virop gëtt sech virun allem vill méi Participatioun, also méi Matbestëmmungsméiglechkeeten gewënscht, erkläert de Jean-Louis Zeien, Co-Responsabel vun der Lëtzebuerger Synode.
Jean-Louis Zeien: „Konkret sollen déi Gleeweg also och hiert Wuert bei der Ernennung vun Priisteren oder vu Mataarbechte oder vum Bëschof matschwätzen kënnen [...] an et soll wierklech an eng Richtung goen, ech zitéieren, „fir eng echt Bedeelegung“ – och vun Laien an besonnesch och vu Fraen z‘erreechen."

Frae sollen dierfen Paschtouer ginn an och d'Ofschafung vum Zölibat sinn albekannte Fuerderungen, déi och gemaach goufen. Bei Jonke wier et awer virun allem de Wonsch, dass d‘Mass, déi ëmmer nach als Visittekaart vun der Kierch géing gesinn ginn, sech soll veränneren.

Jean-Louis Zeien: "Et ass wichteg eng „Starrheet“ an eng Distanz zu den Gleewegen z‘iwwerwannen fir dass Liturgie lieweg an participativ kann sinn. Déi Jonk soen dass se gären hätten dass eng aner Sprooch geschwat gëtt, eventuell och eng aner Musek awer dass och een Austausch kann stattfannen. Vun aktiven a liewen Gottesdéngschter a manner streng Ritualer."

D'Leit géinge sech also eng méi lieweg Kierch wënschen an deem wéilt een och Rechnung droen, esou de Kardinol an Äerzbëschof.

Jean-Claude Hollerich:„Wann elo d'Erwaardungen sinn, dass d‘Strukture vun der Kierch ganz geännert ginn, da wäert een enttäuscht sinn. Mir sinn an engem risegen Zivilisatiounswandel. An eis ganz Theologie, alles wat eis léif an helleg ass, am Chrëschtentum an an der Kathoulescher Kierch, hänkt mat enger Zivilisatioun zesummen, déi um gaangen ass ze verschwannen. D'Leit verstinn net méi wat mir soen oder wat mir op theologeschen Tagunge soen. An do wäert sech ganz vill änneren mussen.“

Et misst een dem Ganzen Zäit ginn. D‘Synode wier och nach net ofgeschloss. D'Resultater aus der Synode wieren eng "feuille de route" fir d'Zukunft an op deenen Proposen géing een schaffen fir se am Alldag vun der Kierch op alle Niveauen ze konkretiséieren, sou de Kardinol Jean-Claude Hollerich.

Jean-Claude Hollerich:An eng Fro, déi een direkt ugoe kann, dat ass wéi kënne mer de Chrëschten, de Katholicke gerecht ginn, déi wéi gesot ganz verschidde Sproochen hunn, ganz verschidden Ausdrocksformen hunn. Dass dat dann net nieftenee leeft, sou Parallel-Kierchen, Parallel-Gesellschaften hunn, mä dass mer wierklech zesummen eng Kierch hei zu Lëtzebuerg sinn, mat enger grousser villfälteger Ausdrocksweis. Eng Saach déi sécher wichteg ass, mir sinn eng Minoritéit, dat ass eis scho laang bewosst. Dat kënnt net eréischt duerch Erhiewungen déi duerch d'AHA gemeet ginn. Mä ech hätt gär, dass et eng lieweg Minoritéit ass, déi och eppes bäidréit zu der Gesellschaft.

De Jean-Claude Hollerich

Dëst wier awer ee Prozess. Et dierf een net erwaarden, dass sech vun haut op muer alles ännert. Et misst een dem Ganzen Zäit ginn. D'Synode wier och nach net ofgeschloss, esou de Kardinol.