2022 war e Rekordjoer fir d'Campingen
Déi ronn 80 Campingen uechter d'Land ware bis op déi lescht Plaze gefëllt, an dat net nëmme fir kuerz Dauer.
D'Touristesaison 2022 zu Lëtzebuerg ass bis ewell gutt gelaf. Positiv fält de Bilan och bei de Campinger aus. Duerch dat gutt Wieder an de leschte Woche läit een am Verglach mat 2019 nach méi héich an d'Joer 2022 dierft d'Zuel vun den Iwwernuechtunge gesprengt hunn, sou d'Florence Kirtz, Presidentin vum Campingverband CAMPRILUX. Esouguer d'Futtballterrainen hunn deelweis misste fir d'Camper opgemaach ginn.
Wou déi vill Sonn an de wéinege Reen der Natur schued, gouf op de Campinger dovunner profitéiert. De Grand-Duché begeeschtert d'Touristen. Eraus aus dem traditionelle Confort, eran an d'Natur. Nieft den Hollänner konnt een dëst Joer vill aner Nationalitéiten op de Sitte begréissen. An esou hat een zu Miersch um Camping dës Saison och Touristen aus Spuenien, Dänemark, Schweden an der Schwäiz.
D'Touriste genéissen hir Vakanz a Lëtzebuerg ass net méi just en Tëschestopp. Ma un Indoor-Aktivitéite géing et eisem Land feelen. Et misst een de Leit nach méi kënne bidden, wann d'Wierder nees changéiert. Fir sech dobaussen z'ameséieren, offréiert Lëtzebuerg awer genuch, sou d'Meenung vun engem Tourist.
Bei de Vëlosweeër waren d'Touriste sech net eens. Déi eng schwätze vu vill Offer, anere sinn d'Pisten net sécher genuch. Ma bei engem Appell, do ware si sech awer eens. An dat war d'Recommandatioun fir een E-Bike, well et dann awer hei am Land vill erop an erof geet.