"War Dir wierklech bei engem Zänndokter?"
D'Relatioun tëschent Patient an Dokter – eng Bezéiung, déi op Vertrauen opgebaut ass. Ma wat geschitt, wann eng Kéier eppes schifgeet?
Eng Feeldiagnos oder eng falsch Behandlung, e medezinesche Feeler oder awer och en Accident kënne gravéierend Suitte fir de Patient hunn... dës Thematik gëtt an enger Serie vu Reportagë mat Temoignagen an Explikatiounen opgegraff. Am éischten Deel geet et ëm eng Fra, där hiren Zänndokter hire Mond komplett zerstéiert huet an du verschwonnen ass.
2011 hat d'Danielle Celli Rendez-vous bei engem neien Zänndokter – eigentlech just fir eng Kontroll.
"En huet mäi Mond ënnersicht an en huet gesot: also Madamm, fir Är Zänn an Äre Mond a gudder Gesondheet ze behalen, muss ech verschidden Aarbechte maachen an och Interventiounen."
Wärend 3 Joer goufen hir Zänn ëmmer nees behandelt, ma hir Gesondheet huet sech just verschlechtert. Si huet ëmmer nees missen Antibioticken, Kortison a Medikamenter géint d'Péng huelen.
"Ech hu mech miserabel gespuert, ech hat keng Kraaft, ech hat keng Energie, ech hat e Gefill a mer "du kanns net méi liewen an du kanns net stierwen"."
Bei enger Bluttanalys huet sech erausgestallt, datt hir Entzündungswäerter méi wéi 9 Mol iwwert dem gewéinlechen Héchstwäert louchen. 2014 war d'Danielle Celli fir d'lescht bei deem Zänndokter.
"Ech sinn nach ëmmer bei e gaangen, mee do hat en eng aner jonk Zänndoktesch a senger Praxis an déi konnt mer awer guer net virunhëllefen, well si selwer jo d'Aarbechten net gemaach hat an hie war verschwonnen. (...) Vu dass meng Problemer awer ëmmer méi grouss gi sinn, sinn ech du bei e puer aner Zänndoktere gaangen. An déi hunn d'Hänn um Kapp zesummegeschloen an déi hu souguer zu mir gesot "Madamm, sidd Dir sécher, datt Dir bei engem Zänndokter waart?""
Komplett zerstéiert Wuerzelen, ofgebrache Spëtzte vun Instrumenter, déi am Zännfleesch hannerlooss goufen, Bridgen op gebrachenen Zänn – de Schued an der Danielle Celli hirem Mond war enorm. Si ass bei en Affekot gaangen an huet iwwerluecht fir den Dokter, dee mëttlerweil a Spuenien war, ze verkloen.
"Dat do dat kascht Iech d'Aen aus dem Kapp a wann der jee eppes kritt, dann dauert et Joren, dat ka bis zu 10 Joer daueren an Dir sëtzt do mat Ärem kranke Mond."
Et gouf also decidéiert, d'Assurance unzesichen, ma och dat huet seng Zäit gedauert.
"Et ass eng éischt Expertis gemaach ginn. Et huet missen eng 2. Expertis gemaach ginn. Et ass eng ganz deier Saach ginn an natierlech war d'Assurance net frou driwwer."
Iwwert déi nächst 4 Joer ass d'Danielle Celli 11 Mol vun enger Ekipp vun 3 Zänndokteren operéiert ginn, fir de Schued nees guttzemaachen. D'Käschte vun deene falsche Behandlungen, d'Affekotskäschten an d'Käschte vun den Interventiounen, fir de Schued nees guttzemaachen, do kéim een op eng Zomm vu 85.000 Euro, déi dann zum Deel vun der Danielle Celli, zum Deel vum Dokter senger Assurance, awer natierlech och zum Deel vun der Allgemengheet bezuelt goufen.
INFOKËSCHT
Hutt Dir d'Gefill, datt Dir selwer Affer vun engem medezinesche Feeler gi sidd? Da ginn et verschidden Ulafplazen. Et gëtt de Mediateur Santé, deen a Konflikter tëschent Patient a Gesondheetsprofessionelle schlichte kann, awer och als Informatiounszenter fonctionéiert. Hei fënnt een deemno och d'Kontakter fir all déi aner relevant Instanzen, zum Beispill d'Plaintëkommissiounen an de Spideeler.
Et kann een och eng Plainte maache beim Collège médical oder beim Conseil Supérieur de Certaines Professions de Santé.
Wann ee sech net iwwert eng Mediatioun eens gëtt, huet een och d'Méiglechkeet, d'Persoun unzesichen, jee nodeem wat geschitt ass um Zivilgeriicht oder um Penal.
 
                     
                     
                     
                    