All Woch erreecht RTL (Radio, Tëlee an Internet) 419.000 Persounen zu Lëtzebuerg, dat si 77.2% vun der Populatioun.
Op eng Woch gekuckt, kënnt RTL.lu op d'Spëtzepositioun an erreecht 52.4% vun der Populatioun. Op zweeter an drëtter Plaz kommen RTL Radio Lëtzebuerg mat 48.7% an RTL Télé Lëtzebuerg (och via RTL ZWEE an Tëlee iwwer Internet) mat 48,1%.

Zweemol am Joer analyséiert d'Ilres am Optrag vun der Regierung an den 3 Haapt-Medienhaiser (Editpress SA, Mediahuis Luxembourg S.A an IP Luxembourg/CLT-UFA) de Mediekonsum zu Lëtzebuerg. D'Analys gouf tëscht September 2021 a Juni 2022 op engem Echantillon vun 3.552 Awunner vun iwwer 15 Joer gemaach.