Vun 1.082 PCR-Tester waren der 198 positiv

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, net geklommen ass a weiderhi bei 1.126 läit.
Aktuell sinn nach 5 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.372 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 347 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 9 Persounen déi zweet Dosis war.
Bei 79 Persounen ass eng Reinfektioun festgestallt ginn.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,07. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
D'Infektiounszuele bleiwen zu Lëtzebuerg allgemeng stabel. De Wocheréckbléck vum Mëttwoch fannt Dir hei.