E Méindeg de Moie géint 11.20 Auer war d’Dichtung vun engem Behälter geplatzt an eng ganz grouss Quantitéit Gär-Flëssegkeet war ausgelaf.

Dem Ëmweltministère an den zoustännege Verwaltungen no waren et 3.000 Meterkibb, also 3 Millioune Gär-Flëssegkeet. De Gros dovunner, geschaten 2.000 Meterkibb, sinn an d’Felder gelaf. De Rescht konnt ëmgeleet oder ofgepompelt ginn. Déi genee Quantitéit wäert eréischt no detailléierten Analysen an den nächsten Deeg gewosst sinn.

Déi Gär-Flëssegkeet, de Gär-Rescht, ass en Dünger, deen aus der Veraarbechtung vu Piff a Mëscht als Endproduit an der Biogasanlag entsteet an duerno op de Felder als Düngemëttel benotzt gëtt.

Duerch de séieren Asaz vum CGDIS, de Verwaltungen an och dem Bedreiwer vun der Anlag konnt de Schued a Grenze gehale ginn, heescht et vum Waasserwirtschaftsamt. Eng Zort "Schutzwall" ass opgekippt ginn. Et ass bis ewell och keng Gär-Flëssegkeet an d'Roudemerbaach gelaf. Den "Digestat" gëtt weider vun de Felder ofgepompelt. D’Gewässer gëtt an den nächsten Deeg weider iwwerwaacht.

De Luc Zwank, Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt

D’Gebitt géif net an enger Grondwaasser-Schutzzon leien, gouf nach an engem Regierungscommuniqué preziséiert. Et wär näischt an de Biotop gelaf, deen no bäi läit. D'Ëmweltverschmotzung hätt kënnen duerch en opwännegen Asaz séier agegrenzt ginn.

De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert, well en onkontrolléiert Auslafe vun der Vergärungsflëssegkeet eng Infraktioun géint d’Ëmwelt-Gesetzgebung ass.

Offiziellt Schreiwes

Reaktioun vum Ëmweltministère, der Waasser-, Ëmwelt an Naturverwaltung zum Incident vun der Biogasanlag zu Gonderange (20.09.2022)
Communiqué par : ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable / Administration de la gestion de l'eau / Administration de l'environnement / Administration de la nature et des forêts

Gëschter sinn eisen éischten Erkenntnisser no, opgrond vum enger defekter Dichtung, eng ronn 3.000 Kubikmeter Digestat aus der Biogasanlag zu Gonderange ausgelaf. Op der Plaz waren d'AGE (Administration de la gestion de l'eau), d'AEV (Administration de l'environnement), d'ANF (Administration de la nature et des forêts), de CGDIS an d'Police fir hir respektiv Kompetenzberäicher.

Deen gréisstem Deel vum Digestat ass an d'Feld gelaf wou et duerch d'Opschëdde vun engem Erdwall konnt zréck gehale ginn. Duerch d'Erstelle vun engem weideren Erdwall konnt en Deel an en 2ten Digester ëmgeleet an opgefaange ginn.

A punkto Waasser konnt duerch eng séier Reaktioun vum CGDIS verhënnert ginn datt Digestat an e Gewässer gelaf ass. D'Gebitt léit och net an enger Grondwaasserschutzzon. Et ass och näischt an de Biotop gelaf deen no bäi läit. D'Pollutioun konnt duerch en opwännegen Asatz esou schnell agegrenzt ginn.

Dat onkontrolléiert Auslaafen vu Pre-Digestat (Vergärungsflëssegkeet) stellt eng Infraktioun géint d'Ëmweltgesetzgebung duer. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert.