No 30 Stonnen Tripartiteverhandlunge gouf en Dënschdeg den Owend e Mesurëpak presentéiert. D'Chamber-Parteie reagéiere ganz verschidden op d'Annoncen.

E Mesurëpak géint d‘Inflatioun a fir d‘Kafkraaft. Esou huet d‘Regierung den Accord de principe beschriwwen, deen no 30 Stonnen Tripartiteverhandlungen um Dësch läit a iwwert eng Milliard Euro soll kaschten.

Hei nach eemol déi Haaptannoncen

D’Gaspräisser gi bei engem Maximum vu Plus 15% par Rapport zum aktuelle Präis gedeckelt. De Präis vum Mazout soll ëm 15 Cent de Liter erofgesat ginn an de Stroumpräis ganz agefruer ginn. Dat vum 1. Oktober un.

Vum 1. Januar u geet iwwerdeems d‘TVA op de verschiddene Kategorien ëm ee Prozentpunkt erof. D‘Regierung wäert déi verbessert Allocation de vie chère an d‘Energieprimme bis Enn 2023 verlängeren. De soziale Mindestloun soll gehéicht ginn. Iwwert eng Milliard Euro kascht de Pak, deen natierlech elo vun all de politesche Parteien analyséiert a bewäert gëtt.

CSV huet sech scho méi laang, fir Deckele vun Energiepräisser staark gemaach

Déi gréisst Oppositiounspartei begréisst d‘Mesuren. D‘CSV hätt sech scho méi laang dofir staark gemaach, dass d‘Energiepräisser gedeckelt ginn, betount hire Co-Fraktiounschef Gilles Roth. Den Indexsystem wär net a Fro gestalt, och dat ënnerstëtzen déi Chrëschtlech-Sozial. Mä et gëtt och e Kritikpunkt. De Gilles Roth hätt gär eng Upassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun gehat: "Dat ass keng philosophesch Diskussioun, mä déi geet ganz konkret ëm d‘Kafkraaft vun de Leit. Hei kréien d‘Leit bis an d‘Mëttelschicht eran elo Indextranchen, bei deenen se d‘Hallschent vun deem, wat se brutto kréien, nees un de Staat ofginn. Dat ass net déi richteg Approche. Mir hunn d‘Regierung ëmmer nees drop higewisen. Wa weider Indextranche kommen, dann hu mir 17,5 Prozent méi Steierbelaaschtung. Dat ass en enorme Batz."

An dat hätt d‘Regierung verpasst z‘adaptéieren, bedauert den CSV-Politiker.

Lénk a Piraten: Deckelung kënnt virop Stéit mat héijem Akommes ze gutt

Déi Lénk an d‘Pirate bedauere virop, dass d‘Deckelung vun den Energiepräisser fir jidderee gëllt, an dowéinst virop de Stéit mat héijem Akommes géif ze gutt kommen, dozou seet den Deputéierte vun de Pirate Sven Clement: "D‘Regierung huet de Portmonni eng Kéier grouss opgemaach, fir sech keng sozial Onrouen anzefänken. Deementspriechend war et e gescheite Move. Virun allem, well se och keng Diskussiounen iwwer sozial Selektivitéit zougelooss huet a mat der Strenz eng Kéier iwwer d‘Land gefuer ass, sou dass och wierklech kee behaapte kann, e wär ze kuerz komm."

Fir d'Deputéiert vun de Lénke Myriam Cecchetti hätt een do missten hëllefen, wou et gebraucht gëtt: "Mir hätte léiwer gehat, et wär selektiv gewiescht. Da wär genee gekuckt ginn, wou déi Leit sinn, déi et wierklech brauchen. Bis e gewëssene Montant wär gedeckelt ginn. Wat een do driwwer méi verbraucht, wat ee méi muss bezuelen. Dat wär och am Sënn vun der Klimakris eng Schutzmoossnam gewiescht. D‘Groussverdénger produzéieren am meeschten CO2. Si verbrauche méi Energie."

Déi lénk Deputéiert Myriam Cecchetti

LSAP verdeedegt Accord, och wa vläicht nogebessert muss ginn

De Mouvement Ecologique hat jo scho kritiséiert, ouni sozial Selektivitéit géif et fir héich Akommesklasse keng Incitatioun méi ginn, fir Energie ze spueren. D‘Klimakris wär vergiess ginn an dësem Mesurëpak. D‘Francine Closener vun der LSAP verdeedegt den Accord: "Mä dat heescht elo net, dass mir net villäicht mussen nobesseren. Dat heescht net, dass net och Energie muss gespuert ginn. Ech denken, dass Zäit vun der bëlleger fossiller Energie eriwwer ass. Mir hunn elo mol deen do Accord. Mir mussen awer och eppes ënnerhuele géint eng Energiekris. déi elo net ganz opgehuewen ass. An eng Klimakris scho guer net. Dat musse mer an de Grëff kréien."

Déi Gréng kënne Kritik vun déi Lénk novollzéien, gesi Mesurëpak awer als néideg un

Och déi Gréng fuerderen, dass d‘Spuere weider promouvéiert gëtt. D'Partei gesäit de Mesurëpak als néideg, fir séier a pragmatesch Entlaaschtung fir Stéit a Betriber. Si kënnen d‘Kritik vun déi Lénk also bis op e gewësse Punkt novollzéien, seet d'Parteipresidentin Djuna Bernard: "Et ass awer eppes, wat déi ganz Populatioun an och d‘Betriber direkt concernéiert. Et ass eng Situatioun, fir déi vun hinne keen eppes kann. Et ass eng Reaktioun op e Krich. Et muss een all de Leit hëllefen. Op anere Mesurë kann een awer eng Selektivitéit mat erabréngen. Ech denken un d‘Erhéijung vun der Allocation de vie chère an der Energieprimm." Dat wäre cibléiert Mesuren, déi eenzeg eligibele Stéit ze gutt kéimen.

Déi Gréng Parteipresidentin Djuna Bernard

D'DP wëll d'Betriber net am Ree stoe loossen

Anescht ewéi d‘Gewerkschaften an d‘Regierung gesinn d‘Patronen de Mesurëpak méi skeptesch – och wa se den Accord am Prinzip matdroen. De Fraktiounspresident vun der DP Gilles Baum probéiert, d‘Betriber ze berouegen: "D‘Betriber wäerten och dës Kéier net am Ree stoe gelooss ginn. Mir brauche staark Betriber, fir dass d‘Ekonomie dréint. Mat der Kafkraaft vun de Leit suerge mer dofir, dass d‘Entreprisë kënne schaffen. D‘Erhale vun den Aarbechtsplazen ass enorm wichteg. De Chômagetaux ass historesch niddreg, dat soll sou bleiwen."

ADR begréisst d'Deckel vun Energiepräisser, vermësst awer Reduktioun op der Pompel

An d'ADR begréisst de virleefege Succès vun der Tripartite. Virop d‘Deckelen op den Energiepräisser hieft d‘Oppositiounspartei positiv ervir. Ma d‘ADR vermësst eng Reduktioun vun de Präisser op der Pompel. Bensinn an Diesel missten hei ëmmer méi bëlleg sinn, ewéi an den Nopeschlänner, mengt de Fred Keup: "Dat ass den Ament net Fall. Grad a Frankräich ass et vill méi bëlleg. Dat ass net gutt fir d‘Leit hei am Land. An et ass net gutt fir den Tanktourismus. D‘Leit aus den Nopeschlänner kommen net méi heihin tanken. Méi einfach kann een allerdéngs kee Geld verdéngen. Dat sinn honnerte vu Milliounen, déi eis riskéiere verluer ze goen, fir eben och sozial Moossnamen ze finanzéieren."

De Fred Keup vun der ADR

D‘CSV an d‘ADR deelen d‘Fuerderung, dass d‘Staatsschold déi 30 Prozent par Rapport zum Bruttoinlandprodukt net iwwerschreiden däerf.