De Stroumpräis gëtt agefruer an den Indexsystem bleift erhalen
Déi 11 Regierungsmemberen an hir Beamte waren en Dënschdeg bis an de spéiden Owend mat Patronat a Gewerkschaften zu Senneng am Schlass beieneen.
Nodeems um Méindeg den Owend nom 2. Dag vun den Tripartiteverhandlungen net vill vu Regierungssäit, respektiv vun de Gewerkschaften oder dem Patronat, gewuer ze gi war, gouf et en Dënschdeg den Owend méi Detailer.
D'Tripartiteverhandlunge gounge mat engem prinzipiellen Accord zu drëtt op en Enn. E schrëftlechen Accord gëtt et nach net.
De Premier Xavier Bettel huet vun engem historesche Pak geschwat. Et géing ee probéieren, de Problem ze bekämpfen an dat wier d'Inflatioun. Verschidde Leit missten nach de Feu vert bei hire Comitéë kréien, esou de Premier kuerz no 23 Auer en Dënschdeg den Owend. Ma d'Sozialpartner wäre sech um Enn am Prinzip eens ginn iwwer en Hëllefspak fir Stéit a Betriber. Wann den definitiven Accord ofgeseent ass, kéint dësen nächste Mëttwoch ënnerschriwwe ginn.
Kee Succès wär an dëser Situatioun schwéier z'erkläre gewiescht, sot de Premier.
De Staat gräift direkt an d'Energiepräisser an, fir géint d'Inflatioun virzegoen.
D'Gaspräisser gi bei engem Maximum vu plus 15 Prozent par Rapport zum aktuelle Präis gedeckelt. De Präis vum Masutt soll ëm 15 Cent de Liter erofgesat ginn an de Stroumpräis souguer agefruer ginn. Dat vum 1. Oktober un. Donieft gëtt d'TVA op de verschiddene Kategorien ëm 1 Prozentpunkt erofgesat.
De Stroumpräis géif op dës Manéier stabiliséiert ginn. De Stroum géif esou méi attraktiv bleiwen ewéi Gas a Masutt, sot den Energieminister Claude Turmes.
D'Regierung wäert d'Allocation de vie chère an d'Energieprimm och bis Enn 2023 verlängeren.
Dëse Mesurëpak mat Energiepräisbrems an Erofsetze vun der TVA kascht iwwer eng 1 Milliard Euro.
D'Inflatioun soll mat dëse Mesuren am Idealfall ëm 4 Prozentpunkten op 2,6 Prozent gebremst ginn. Doduerch géifen de Projektioune vum Statec no keng véier Indextranchë bannent den nächsten 10 Méint erfalen, mä just nach zwou: viraussiichtlech eng am Februar an dann déi, déi vum leschte Joer op Abrëll verréckelt gouf. Falls eng weider Indextranche fälleg wär, kriten d'Betriber geziilt gehollef. Den Indexsystem géing erhale bleiwen, huet de Franz Fayot betount. An dat huet och notamment den OGBL dozou beweegt, de Mesurëpak z'ënnerstëtzen.
Et gouf och e cibléierten Hëllefspak fir Betriber annoncéiert. Dës Aidë mussen nach op EU-Niveau ofgekläert ginn.
Et wär drëms gaangen, d'Inflatioun ze drécken, d'Kafkraaft ze stäerken a gläichzäiteg déi zolidd Staatsfinanzen z'erhalen, esou d'Finanzministesch Yuriko Backes. Den Triple A ze halen, wär wichteg fir d'Ekonomie vum Land.
RTL-Artikel: Tripartitesaccord: Gewerkschaften zefridde mat de Resultater vun de Gespréicher




















































































































Schreiwes vum Staatsministère
| Réunion du Comité de coordination tripartite: Accord de principe (20.09.2022) | |
| |
Le 18, 19 et 20 septembre 2022, le gouvernement s’est à nouveau réuni avec les partenaires sociaux pour continuer les travaux du Comité de coordination tripartite et s’accorder sur des mesures permettant de limiter les impacts de la pression inflationniste sur les ménages et les entreprises. Le Gouvernement, les trois syndicats (OGBL, LCGB et CGFP) et le patronat, représenté par l’UEL, se sont mis d'accord en principe sur un nouveau paquet de mesures. Ce paquet prévoit notamment :
|