Kanner a Jugendlecher bis 18 Joer stoungen e Sonndeg am Mëttelpunkt. Schliisslech goung et ëm hir Rechter a wéi déi am beschte kënne respektéiert ginn.

D'Recht matzeschwätzen, dëst ass mat dat wichtegst Kannerrecht. Als erwuesse Persoun soll een nämlech net iwwer d'Kanner schwätzen, mee mat hinnen zesummen. Hir Stemm géif och zielen.

Zanter 30 Joer sinn d'Kannerrechter an der Konventioun vun der Uno festgeschriwwen, am Total ginn et der 54. Zu Lëtzebuerg geet et de Kanner a Jugendlechen am allgemenge gutt, esou d'Konklusioun vun der Uno. An 2 Punkte misst awer nach eng Schëpp nogeluecht ginn. Dat wär am Fall, wou Kanner missten aus hirer Famill erausgeholl ginn a beim Jugendstrofrecht.

Am Beetebuerger Park haten d'Kanner e Sonndeg d'Méiglechkeet, sech iwwer hir Rechter auszetauschen a mam zoustännege Minister iwwer hir Doleancen ze schwätzen.