9 vun 10 Stéit hei am Land geheie reegelméisseg Liewensmëttel ewech. Dat weist eng nei Etüd vun Ilres, fir déi knapp iwwer 1.000 Stéit befrot goufen. Ma eraus koum awer och, dass duerchaus e Bewosstsinn fir de Problem do ass. D’Grënn, wisou trotzdeem verbëtzt gëtt, hunn dacks mat Gewunnechten ze dinn. Wéi zum Beispill d’Gewunnecht, e puer mol d’Woch akafen ze goen, dat awer da wéineg geziilt.
Am heefegste gëtt Brout, Uebst a Geméis verbëtzt. Net nëmme well et doheem iergendwann net méi frësch ass, mee och wann d’Liewensmëttel zum Beispill Téitschen hunn. Amplaz d’Tomate ganz ewechzegeheien, sollt éischter gekuckt ginn, ob en Deel nach ka giess ginn.
Dobäi kënnt, dass Dräivéierel vun de Leit uginn hunn, net wierklech den Ënnerscheed tëscht dem Verbrauchsdatum an dem Mindesthaltbarkeetsdatum ze kennen.
Den Tommy Klein, Ilres-Direkter, erkläert dass wann de Verbrauchsdatum, oder och nach Verfallsdatum genannt, iwwerschratt gëtt, eng imminent Gefor fir d’Gesondheet besteet. Den Mindesthaltbarkeetsdatum ass eppes, wou d’Producteure selwer soen, dass si bis zu deem Datum d’Garantie ginn. Dat géing awer näischt doriwwer aussoen, ob de Produit duerno nach ka consomméiert ginn. Fir d’Leit wier dat net ëmmer ganz kloer ze gesinn, doduerch géing jidderee seng eegen Definitioun entwéckelen.
Ee weidere Grond ass, dass ze vill gekacht gëtt an d’Reschter ewechgeheit ginn, amplaz se fir e spéideren Zäitpunkt ze halen. Enger Offall-Etüd vum Ëmweltministère vun 2019 no kéime 75% vun de Liewensmëtteloffäll vun de Stéit, 10% vu Kantinnen, 8% aus der Restauratioun a 7% aus dem Commerce.
Den Handel hätt sech antëscht anescht organiséiert, esou den Agrarminister Claude Haagen. Wann de Verbrauchsdatum oder Mindesthaltbarkeetsdatum geschwënn erreecht ass, géing versicht ginn, déi Wuere méi séier duerch Promotiounen zum Beispill ze verkafen. Et gëtt och d’Méiglechkeet, déi Produiten ze verschaffen oder un Associatiounen ze spenden, soulaang se nach gutt sinn. A Menagë géing méi jidderee selwer kucken, wéi ee sech organiséiert. Dat bréngt de Fait mat sech, dass ze vill Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ewechgeheit ginn.
Dowéinst wéilt ee méi fir d’Thema sensibiliséieren. Duerch dat perséinlecht Akafsverhale kéint een nämlech scho sou munches bewierken an ebe manner verbëtzen.