Formatioune fir Net-Lëtzebuerger, fir bei Gemengewal wielen ze goen
De Formatiounszenter CEFIS huet dëse Mount d'Formatioune lancéiert, mat deenen een e sougenannte "Multiplicateur" fir d'Gemengewale ka ginn.
Dobäi geet et ëm Privatleit oder Member vun Associatiounen, déi Leit, déi net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn doriwwer z'informéieren, wéi si bei de Gemengewalen am Juni 2023 kënne mat wiele goen.
Bis ewell hu sech eng 50 Leit ugemellt, fir esou eng Formatioun ze maachen. Dat sinn zwee Coursen à dräi Stonnen. Bei de leschte Walen am Joer 2017 waren eng 230 Multiplicateuren aktiv.
Bei de leschte Walen am Joer 2017 waren eng 230 Multiplicateuren aktiv. Eent dovunner war d'Crina Eniţă. D'Presidentin vun der lëtzebuergesch-rumänescher Associatioun huet selwer gemierkt, wéi wichteg et ass, hir Communautéit direkt unzeschwätzen. Och fir dass d'Leit den Delai, bis deen ee sech umelle kann, net verpasst: Dat ass den 17. Abrëll.
Fir déi nächst Wale goufen doriwwer eraus nach d'Krittäre geännert, fir dierfe wielen ze goen. Et muss een net méi 5 Joer am Land wunnen, mä einfach zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. Dowéinst kéinte sech bis de 17. Abrëll 68.000 méi umellen, déi nach keng 5 Joer hei am Land wunnen, erkläert de Vize-Direkter vum CEFIS Frédéric Mertz.
Beim Centre d'Etude et de Formation Interculturelles et Sociales (CEFIS) gouf an Etüden och festgestallt, datt sech méi Leit umellen, fir wielen ze goen, wa si effektiv direkt dorop ugeschwat ginn. Bei de Walen am Joer 2011, wéi de Projet vun de Multiplicateure grad gestart war, hu 17% vun den auslännesche Residentë gewielt. Am Joer 2017 waren et der 23 Prozent.