
De President vum Observatoire Andrew Ferrone ass op eng Partie vun hire Recommandatiounen agaangen, wéi Lëtzebuerg virgoe kann, fir de Klima ze protegéieren.
Wichteg wier et engersäits e Kader ze hunn, huet den Andrew Ferrone erkläert. Genee sou wichteg wier et awer och, d’Leit mat op de Wee ze huelen. Soss ass et an eisen Aen net méiglech, Klimaneutralitéit bis 2050 ze erreechen. An et ass kloer, datt mer musse suffizient sinn, all Energie, déi net benotzt gëtt, emittéiert näischt. Mir mussen déi, déi mer notzen, sou effizient wéi méiglech notzen a mer mussen aus erneierbar Energien déi Energie huelen, déi mer nach benotzen.
Donieft wier et och wichteg, datt d’Ministèren ënnerteneen zesummeschaffen. Wat eenzel Secteuren ugeet, huet den Observatoire eng Partie Recommandatiounen ausgeschafft. Wat d’Gebaier zum Beispill ugeet, missten dës méi resilient ginn. Gebaier, déi wéineg Energie brauchen, do mécht Lëtzebuerg scho vill a mir hunn déi héchst Standarden. Mä et kann een och méi wäit goen, an op d’Baustoffer kucken, ob déi nohalteg sinn. Méi gréng a blo Fläche ronderëm d’Gebaier ze kréien, wat och bei der Adaptatioun zum Klimawandel hëlleft.
Wann een d’Liewensbasis erhale wéilt, misst elo agéiert ginn, huet den Andrew Ferrone nach betount.