Meeschtens gesäit een deene Betraffenen et net un. A Mënschen, déi eng mental Krankheet hunn, leiden och nach ëmmer dacks ënner Virurteeler.

Den 10. Oktober ass den Optakt vun der Semaine de la Santé Mentale. Hei soll iwwer mental Krankheeten opgekläert ginn. Dobäi ass et wichteg, Hëllef ze kréien, wann ee krank ass. An och wichteg, sech déi dann och leeschten ze kënnen. Dass d'Psychotherapië solle rembourséiert ginn, doriwwer gëtt zanter Joren diskutéiert. Bis haut mussen awer virun allem déi Betraffen déif an d’Täsch gräifen.  Mir hu mat Betraffene geschwat. 

Mam Natascha Hoffmann hu mir eis zesumme mat hirem Mupp getraff. Haut ass si entspaant a weess, wéi si a ville Situatioune reagéiere muss. Virun e puer Joer hat si een Accident mat engem friemen Hond. Deen huet si an den Aarm gebass an net méi lassgelooss. Eng Noutoperatioun a schlëmm Blessuren um Aarm waren d’Konsequenz. Ganz séier huet d’Natascha Hoffmann awer gemierkt, dass si net just kierperlech eppes dovunner gedroen huet. A verschiddenen Alldagssituatioune kritt si Panik. D’Symptomer ginn vun Tréinen, iwwer Sproochverloscht

Si huet ëmmer am soziale Beräich geschafft an interesséiert sech allgemeng fir mental Themen. Dofir sicht si relativ fréi schonn eng Generalistin op. Déi schéckt si bei de Psychiater an deen an eng Traumatherapie.

“Bei mir war et esou, dass dat geschitt ass duerch engem aneren säin Hond. Dat heescht d’Haftflicht vun deem aneren huet gegraff. An déi Versécherung huet och meng Therapiekäschten iwwerholl. Dat heescht ech hunn déi virgestreckt an si hu mir déi zréck rembourséiert.”

D’Operatioun um Aarm huet si net misste virstrecken, déi gëtt souwisou vun der Krankekeess iwwerholl. D’Psychotherapie, déi mental Konsequenze vum Accident, ware bis zum Schluss net sécher, ob déi iwwerholl géing ginn. Zu Lëtzebuerg gi Psychotherapien net rembourséiert. Zanter bal 6 Joer ass de Beruff vum Psychotherapeut gesetzlech unerkannt a gereegelt, ma d'Behandlunge ginn nach ëmmer net rembourséiert.

D’ “European Data Journalism Network” huet de Point iwwert Psychotherapien an Europa gemaach. An enger grouss ugeluechter Recherche hu si d’Situatioun vun de Psychotherapien an europäesche Länner ënnersicht a virun allem vill Limitten opgedeckt vu Waardezäiten a just minimale Remboursementer. Et geet awer och ervir, dass Lëtzebuerg mat Bulgarien a Lettland déi eenzeg vun den ënnersichten europäesche Länner sinn, déi bis haut zwar Psychiateren, awer keng Psychotherapie rembourséieren.

Am Kader vum Reportage treffe mir och de Louis Watgen. Hien huet schonn an der Vergaangenheet géint de Stigma ronderëm mental Krankheeten agesat. Hien hat selwer Depressiounen an der Schoulzäit an hätt sech eng Psychotherapie net leeschte kënnen.

“Ech muss soen, dass ech als Schüler haaptsächlech finanziell zimmlech ageschränkt war. Ech mengen, déi éischt Statioun ass ëmmer de CEPAS an der Schoul. Och mat Schoulpsychologen, déi hunn natierlech keng Zäit, fir op all Schüler sech individuell anzeloossen an déi schécken een da weider bei ee Psychologe. An dat gëtt dann als Schüler, dee keng Sue verdéngt, eng zimmlech deier Aktioun. An esou war et och schwéier eppes ze fannen, wat ech mir konnt leeschten.”

Openthalter am Hôpital du Jour an der interner Psychiatrie, Medikamenter huet hien ënner anerem ausprobéiert. Traitementer, déi ee bezuelt kritt vun der Krankekeess. Et ginn Ulafstellen, déi gratis sinn. Orientatioun kann do d’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale ginn: Fir de Louis Watgen war do awer keng Behandlung dobäi, déi him gehollef huet. Mental Krankheete sinn ganz ënnerschiddlech, esou och d’Traitementer. Wat bei deem engen hëlleft, ass bei deem nächste manner effikass. Et ass ee Choix, mee deen hunn déi meescht net.

D’Rachel Brixius ass d’Grënnerin vum Grupp LetzBeAware, dee fënnt een op de sozialen Netzwierker Instagram Facebook.

Ëmmer nees renseignéiere sech Leit an der Grupp iwwert Psychotherapien. Wa si da gewuer ginn, dass et net rembourséiert ass, entsteet eng gewëssen Distanz. Esou d’Rachel Brixius: ”Do mierkt een direkt, dass eng enorm Distanz entsteet. Ah ok, da maachen ech dat awer net. Als wier dat net eppes Wichteges, wat engem potentiell d’Liewe rette kann.”

Si huet selwer 18 Joer laang schwéier Depressioune gehat. Si huet hire Master a Bachelor zu London gemaach, do huet si den direkte Verglach erlieft. Et wär do méi normal, bei de Psychotherapeut ze goen an sech hëllefen ze loossen, ee Grond gesäit si och doranner, dass et näischt kascht.

Haut géif et hir besser goen. Si huet eng RTMS – Therapie gemaach, dat ass eng Déifhierstimulatioun, déi een anerem vu Parkinsontraitementer kënnt. Déi gëtt réischt geroden, wann aner Traitementer net uschloen. Déi jonk Fra misst Behandlung aus eegener Täsch bezuelen.

Déi mental Gesondheet huet aktuell nach ee Präis, et bezilt een entweder Suen, déi vill Leit net hunn oder et kascht déi eege Gesondheet. Well net jiddereen ass bereet oder ka sech déi Traitementer leeschten, déi en bräicht.