Den Immobiliëmarché stagnéiert den Ament an och fir d'Logementer, déi grad nach gebaut ginn, komme wéinst Penurien u Baumaterial Schwieregkeeten op.

Keng Kris um Immobiliëmarché / Reportage Sabrina Backes

Den Immobiliëmarché stagnéiert den Ament, dat heescht et gi grad just wéineg Haiser an Appartementer verkaf. Ma och fir Logementer, déi grad nach gebaut ginn, komme wéinst Penurien u Baumaterial Schwieregkeeten op. Bei der Chambre Immobilière wëll een den Ament awer nach net vun enger Kris schwätzen. Hirer Meenung no géingen d'Präisser an den nächste Méint net groussaarteg falen. Am Géigendeel: dëst wier och dem Manktem u Wunnenge geschëlt.

Och de Marché Immobilier leit ënner der aktueller wirtschaftlecher Situatioun, déi zu Schwieregkeete bei der Liwwerung vu Baumaterial féiert. Dëst géing et schwéier maachen, déi genee Käschte vun Neibaute kënne virauszesoen. D'Situatioun bleift net ouni Konsequenzen. De President vun der Chambre Immobilière Jean-Paul Scheuren: "Mer stellen awer och fest, dass duerch déi generell Konditioun haaptsächlech an der Promotioun also am Neibau eng ganz Partie Projeten zréckgestallt gi sinn. Mer rechnen domat, dass mer eng 1.000 Wunnengen dëst Joer manner wäerte baue wéi déi aner Joren. Do entsteet dann natierlech neien Drock um richtege Wunnmarché an och um Locatiounsmarché.”

Dem Jean-Paul Scheuren missten all Joers 1.000-2.000 Wunnenge méi wéi den Ament gebaut ginn. D'Demande fir Logementer géing weiderhin héich bleiwen, d'Offer géing awer net méi richteg nokommen. Iwwerdeems kéinten duerch d'Hausse vun de Prêten ëmmer manner Leit sech et leeschten, fir nach eppes ze kafen. Dëst kéint sech dann erëm op de Marché vun de Loyeren auswierken:

"Et ass eigentlech sou, dass ëmmer méi Leit loune mussen, well se et sech net méi kënne leeschten, fir eppes ze kafen. Do musse mer kucken, wéi mer an Zukunft mat neie Wunnformen, mat neie Moyene fir d'Finanzement vun der Acquisitioun einfach kënnen nei Léisunge fir d'Leit ubidden, sief dat iwwer de soziale Wunnengsbau, andeems mer dëse fir de private Beräich opmaachen, fir dass méi ka gebaut ginn oder dass mer nei Méiglechkeete fannen, fir dass d'Leit kënnen investéieren notamment iwwer Blockchain a Security Tokens..”

Bei engem sougenannte Blockchain Token kéinten d'Leit scho mat klengen Zommen an ee Gebai investéieren.

Mat de Venten, déi stagnéieren, kéinte virun allem déi méi kleng Promoteuren ze kämpfen hunn, wa se deier Wunnenge kaf hunn a lo mat héijen Tauxe konfrontéiert ginn. Och d'Agencë géinge Konsequenzen ze spiere kréien. Wann nämlech d'Venten erofginn, da ginn och d'Kommissiounen erof.