
E Freideg de Moie koum et um CR126 tëscht dem Stafelter an dem Walferbierg zu engem méi schroen Accident, bei deem en Auto an e Bam gerannt ass, dat géint 8.40 Auer.
Eng Persoun huet missen aus dem Auto erausgeschnidde ginn. Op der Plaz waren den Ettelbrécker SAMU, eng Ambulanz vu Miersch, d’Pompjeeë vun Nidderaanwen-Schëtter, grad ewéi vu Lëntgen-Luerenzweiler.
Ee Blesséierte gouf et scho géint 7.10 Auer tëscht dem Scheedhaff a Konter. Zwee Ween waren net laanschtenee komm.
Um 5.45 Auer ass an der rue Edward Steichen an der Stad eng Persoun ugestouss a verwonnt ginn.