
De Sträit tëscht Regierung a Staatsbeamtegewerkschaft CGFP a Saachen Etablissements publics berouegt sech.
D’Regierung huet de Gesetzprojet, mat där eng staatlech Medikamentenagence geschaaft soll ginn, provisoresch op Äis geluecht, sou d’Staatsbeamtegewerkschaft e Freideg de Moien an engem Communiqué. Dowéinst, a well d’Regierung kompromëss- an dialogbereet wier, huet d’CGFP d’Conciliatioun, déi se an d’Weeër geleet huet, och provisoresch suspendéiert.
De Sträit ass dorobber zeréckzeféieren, datt déi Agence ënner Privatrecht hätt solle funktionéieren. Esou eppes mat essentielle Missiounen ze maachem, géing eng progressiv Erosioun vum ëffentlechen Déngscht duerstellen, sou d’CGFP.
D’Staatsbeamtegewerkschaft krut vun der Regierung verséchert, datt deemnächst iwwert d’zukünfteg Gestioun vun Etablissements publics géing mateneen diskutéiert ginn.