Am éischten Deel vun eiser Serie kucke mer eis un, ob d'Holzpellets iwwerhaapt dat halen, wat si a punkto Klimafrëndlechkeet verspriechen.

Op Lëtzebuerg an Europa kënnt e schwierege Wanter duer, wat d’Energiepräisser ugeet. Déi erneierbar Energien hunn duerch de Krich an der Ukrain an déi europäesch Ofhängegkeet vu fossille Brennstoffer e méi héije Stellewäert krut. Dobäi boomt och d'Hëtze mat Pellets, also klengen Holzgranuleeën, déi an engem  Kessel verbrannt ginn, an dat CO2-Neutral an ëmweltfrëndlech, esou mol d'Versprieche vun der Industrie. Ma wéi vill Zukunft déi Hëtzmethod wierklech huet, dat kucke mir eis déi nächst Deeg an eiser Serie un, well vill Froe bleiwen op

Ass d'Verbrenne vun Holzpellets en Trend mat Zukunft? D'Politik setzt op alle Fall mol dorop, wann ee sech den Energieminister Claude Turmes am Background op eiser Antenn den 9. Juli unhéieren huet: "D’Luxenergie, déi hei de Kierchbierg hëtzt, dat war nach 100 Prozent Gas virun e puer Joer, an Enn 2023 gëtt de ganze Kierchbierg just nach zu 10 Prozent mat Gas gehëtzt an zu 90 Prozent mat Holzpellets, dat ass och eng riseg Aspuerung."

Fierschter dogéint schloen Alarm, esou zum Beispill de Peter Wohlleben, dee sech an Däitschland mëttlerweil en Numm als Kritiker gemaach huet: "Fürs Klima ist es das schlechteste, was man tun kann, obwohl es so logisch klingt. Man pflanzt einen Baum, sägt ihn wieder ab und pflanzt den nächsten Baum, aber, das ist Plantage, das ist kein Wald und die Auswirkungen sind für uns alle katastrophal."

Mä vu vir. Pelletheizungen gëllen hei am Land nach ëmmer als nohalteg a gi vum Staat subventionéiert. Ee Grond, firwat sech de Marc Sinnes viru gutt 10 Joer esou en Heizkessel abauen gelooss huet.

RTL

1.100 Stéit hëtzen hei zu Lëtzebuerg mat Holzgranuleeën, an d'Demande klëmmt: 310 nei Ufroen d’lescht Joer.  Ëmmerhin ass eng Pelletsheizung relativ einfach nozebauen, och bei méi ale Gebaier. Fir de Marc Sinnes koum deemools nëmmen déi Method, fir ze heizen, a Fro: "Haut ass d'Qualitéit vun deene Wärmepompelen eng ganz aner. Mir haten deemools net d'Méiglechkeet, eng Erdbuerung hei ze maachen, an d’Loftwärmepompele waren deemools nach net esou wäit. Doduerch ass eis Decisioun op Pellets gefall"

An dem leschte Joer hu sech d’Rechnungen allerdéngs bal verdräifacht, mat bis zu 500 Euro d'Tonn gëtt et elo en deiere Wanter, schliisslech Brauch een duebel esou vill Pellets wéi Liter Masutt.

En Stot brauch zum Beispill scho 6 Tonne Pellets fir 3.000 Liter Masutt z’ersetzen. Wéi d’Pellets du bei den Tripartitesgespréicher fir d'Éischt emol vergiess goufen, huet de Marc Sinnes sech gewonnert: "Ech weess net, firwat et vergiess ginn ass, ech weess net, ob et vergiess ginn ass. Vläicht war effektiv am Ufank d’Intentioun, do näischt ze maache, well et net sou ökologesch ass, do sollen d’Leit net méi hin. Mä dann hätte se d’Leit net esou laang an déi Richtung dränge sollen."

Vergiess oder e politescht zeréckruddere vun enger awer net esou grénger Energie?

RTL

Dobäi kléngt d'Verspriechen op den éischte Bléck mol gutt: bei engem eeleren Appartement zum Beispill läit d‘Aspuere vum CO2 bei méi wéi 80 Prozent par Rapport zu enger Masuttsheizung.

Allerdéngs, déi Rechnung gëllt nëmmen, wa wierklech genee souvill Holz nogeplanzt gëtt, wéi och verbrannt gëtt. Ma genee do gëtt et quokeleg, well Holz net sou séier wiisst wéi et brennt. A wann een dem Peter Wohlleben nolauschtert, da sinn d'Perspektiven alles anescht wéi roseg: "Wir haben jetzt eine Holzschwemme, da geht das noch mit den Preisen, auch mit den Pelletpreisen, und danach wird es sehr sehr sehr viel teurer, und alle, die dann an solchen grossen Heizsystemen dranhängen, mit Nah-und Fernwärme, und das Ganze mit Pellets betrieben, die kann man ja nicht mehr so schnell umstellen, die sehen dann ungefähr so schlecht aus wie jetzt die Gaskunden."

D‘Pellets solle vum 1. Januar un dann och am Kader vun der Tripartite ënnerstëtzt ginn, ma wéi genee, ass nach net gewosst.

Am zweeten Deel vun eiser Serie kucke mir eis un, wou d'Pellets fir Lëtzebuerg produzéiert ginn a froe bei verschiddene Fierschter no, firwat de Pellets-Trend hinne Suerge mécht.