Wuesstem soll tëscht 1 an 2% leien, esou déi neiste Pronosticken

De Staatsbudget 2023, deen aktuell an der parlamentarescher Diskussioun ass, tabléiert op e Wuesstem vum PIB vun 2,5% fir dëst Joer, respektiv 2% fir 2023.
Déi rezent STATEC-Pronosticken, déi d'Deputéiert an der Finanz- a Budgetskommissioun virgeluecht kruten, sinn awer elo méi virsiichteg a gi fir dëst an d'nächst Joer vun engem Wuesstem aus, deen tëscht 1 an 2 % soll leien.
Ee vun de Risken, deen de Statec beschreift, ass dee vun enger Rezessioun bannent der EURO-Zon.
D'Tripartitsdecisioune sollen dem Statec no awer d'Konjunktur am Land ënnerstëtzen: sou soll sech en Drëttel vun de Mesuren esouguer selwer finanzéieren.
E Beispill ass d'Deelzäitaarbecht, déi den Aarbechtsmaart soll stabiliséieren, sou datt de Chômage-Taux dëst Joer dierft bei 4,7% an d'nächst Joer bei 4,9% leien.
D'aktuell onsécher ekonomesch Situatioun schléit och op d'Vertrauensindicateure vun de Konsumenten - dem STATEC no sinn dës esou niddreg wéi nach ni, zanter datt d'Vertraue bei de Leit ofgefrot gëtt.