Ouni adaptéiert Transportméiglechkeete geléngt et den Dokteren, Secouristen a Pompjeeën am Krichsland net, déi néideg Hëllef ze leeschten.

Ganzer 8 Méint ass de Krich an der Ukrain lo schonn amgaangen. Zënter dem Ufank vun der Invasioun goufen iwwer 2.000 Ambulanzen a Pompjeesween zerstéiert. D’ASBL LUkraine huet dofir zesumme mat verschiddene Partner en Dënschdeg eng weltwäit Spendenaktioun ënner dem Slogan "Ukraine is calling" lancéiert. An deenen nächste Méint solle ganzer 10 Milliounen Euro fir 112 nei Noutdéngschtween zesummekommen. D’ASBL zielt virun allem op d’Hëllef vun der Zivilgesellschaft.

Spendenaktioun LUkraine / Reportage Sabrina Backes

Ugefaangen huet alles am Joer 2015 mat enger Ambulanz, déi d'LUkraine op Slowjansk geschéckt huet. Slowjansk ass eng Stad mat 100.000 Awunner, déi duerch d’Zerstéierungen duerch de Krich just nach eng Ambulanz iwwreg hat. Mat der Zäit sinn du weider Ambulanzen an och Pompjeesween dobäikomm, déi op verschidden ukrainesch Plaze geschéckt gi sinn.

Elo soll de Projet eng nach méi grouss Dimensioun unhuelen. "Ukraine is calling" heescht de Projet, deen zu Lëtzebuerg ufänkt. Och e klengt Land wéi Lëtzebuerg kéint vill beweegen, seet de President vu LUkraine Nicolas Zharov:

Pour nous c’est très important de montrer que le Luxembourg est un pays qui a donné tellement d’efforts, tellement de solidarité au soutien des Ukrainiens de l’Ukraine est de montrer que même de grands projets peuvent commençer dans des petis pays comme le Luxembourg.

Vun Dezember u soll d’Spendenaktioun dann och an aneren europäesche Länner ewéi och an den USA an a Kanada ulafen.

RTL

© RTL

Am Mäerz nächst Joer sollen dann d’Liwwerunge an d’Ukrain lassgoen. Well d’Liwwerunge vu neie Ween awer den Ament laang dauert, kritt d’ASBL fir den Ufank emol gebrauchte Ween zur Verfügung gestallt:

Le CGDIS et le ministère de l’intérieur vont fournir déjà 8 à 10 voitures, on attend les confirmations pour faire l’Etat de stock. Ils ont été utilisé au Luxembourg mais ils doivent être remplacés dans l’avenir proche et on les remercie beaucoup.

Souwuel d’Zivilgesellschaft, ewéi och politesch Acteure wiere gefrot, fir der Ukrain ze hëllefen, sou d’Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg Anne Calteux:

Et ass wichteg, dass mer weiderhin alleguer mobiliséiert bleiwen. Ech mengen, d’EU huet scho ganz vill Suen der Ukrain zoukomme gelooss. Zënter dem éischten Dag ware mer vereent a solidaresch mat der Ukrain. 19 Milliarden Euro si bis lo an der Ukrain ukomm, sief et finanziell, budgetär oder humanitär. Dat ass ganz wichteg, mä et muss weidergoen. De Krich geet weider a gëtt leider ëmmer méi intensiv.

Um europäeschen Niveau gëtt aktuell iwwer konkret Strategië fir den Neesopbau vun der Ukrain diskutéiert. Wann dir d'ASBL LUkraine bei hirer Spendenaktioun ënnerstëtze wëllt, da kënnt der dat maachen iwwer ukraineiscalling.com.