Déi lescht Woch hat d'Chamber dat neit Covid-Gesetz unanime ugeholl. En Donneschdeg ass et am Mémorial publizéiert ginn an domadder elo a Kraaft.

Vun elo u gëllen also déi nei Dispositioune bei der Isolatiounsdauer. Déi gëtt jo vu 7 Deeg op 4 Deeg reduzéiert.

D'Santé deelt op de sozialen Netzwierker mat, datt ee sech weiderhi mat zwee negative Schnelltester bannent 24 Stonnen éischter aus där Isolatioun erausteste kann.

Eng weider Neierung ass, datt kee systematesche Contact-Tracing méi gemaach gëtt.