Vill Studente kréie keng Wunneng an engem vun de Studentenheemer an der Géigend vun der Uni, wat deelweis mat wäiten Trajete verbonnen ass.

Voll Studentenheemer, laang Waardelëschten an horrend Präisser um privaten Immobiliëmarché. De Manktem un abordabele Wunnengen ass en nationale Problem, dee Studente besonnesch haart trëfft. An och elo, bal zwee Méint no der Rentrée, ass d'Wunnen nach ëmmer en Thema op der Uni.lu.

All Dag tëscht véier a fënnef Stonne vun doheem bis op d'Uni a rëm zréck pendelen, dat ass dem Jessica Costa Gomes seng Realitéit. Déi jonk Fra wunnt nämlech bei Wäiswampech a studéiert um Belval. Eng Streck vu ronn 100 Kilometer, "one way". Eng Wunneng am Süden ass finanziell net dran. An en Zëmmer an engem vun den 31 Studentenheemer krut d'Jessica net méi, déi waren am August schonn ausgebucht. Am Géigesaz zu villen anere Lëtzebuerger Studente wunnt d'Jessica awer net méi doheem bei den Elteren. Mat hiren 31 Joer huet si en anere Parcours hannert sech, wéi hir meescht Kolleegen op der Uni. D'Jessica huet nämlech 10 Joer laang als Educatrice geschafft an dunn decidéiert, de Bachelor "sciences sociales et éducative" ze maachen. E festen Job opzeginn, wann een eleng wunnt an e Loyer ze bezuelen huet, wier zwar eng gutt iwwerluechten Decisioun gewiescht, awer och eng grouss finanziell Belaaschtung.

"Ech hu vill Jore gespuert an deenen 10 Joer an ech hunn einfach ausgerechent, ob et duergeet oder net. Et geet sou just duer. Mä ech muss mäi Liewensstandard zréckschrauwen. Zum Beispill, dass ech net méi sou oft an d'Vakanz ginn oder raus ginn de Weekend."

Mat Hëllef vun engem Niewenjob an enger Bar, dem CEDIES a sengen Erspuernisser versicht d'Jessica iwwer d'Ronnen ze kommen. D'Decisioun, studéieren ze goen, bereit si awer net. "Ech wosst wat op mech duerkënnt", esou d'Jessica. An awer sinn et dacks laang an ustrengend Deeg, de Schlof kënnt ze kuerz. Besonnesch wann d'Coursë schonn um aacht Auer ufänken a si um hallwer fënnef opstoe muss. A vue, dass Coursen op Distanz net méi méiglech sinn, schléift d'Jessica och emol bei Kolleegen, déi méi no vum Belval wunnen.

"Ech kréie mech scho gutt organiséiert, et ass just ermiddend, ëmmer am Viraus ze plangen 'Ok, bei wie ginn ech da schlofen, wann ech bis spéit owes Coursen hunn?' Well ech mech eben net trauen, owes Heem ze fueren. An dann nach Kleeder apaken, de Cours, meng Bicher. Et ass éischter dat, déi mental Middegkeet."

Studente wéi d'Jessica, déi wäit aus dem Norde kommen, stinn eigentlech ganz uewen op der Prioritéitelëscht, wann et ëm d'Verdeelung vun den Studentewunnenge vun der Uni.lu geet, erkläert d'Pressespriecherin Britta Schlüter. Leit aus Drëttlänner, déi wéinst hirem Visa just zu Lëtzebuerg dierfe wunnen, a Studenten an hirem éischte Joer sollten och prioritär en Zëmmer kréien. D'Kapazitéite ginn awer nach laang net duer, fir jiddereen ënner ze kréien.

"Wat mer musse maachen, ass éierlech si mat de Studenten an hinne kloer a ganz fréi soen 'lauschtert, mir hunn net genuch Zëmmeren. Kuckt no Alternativen, kuckt um private Marché, kuckt vläicht hannert der Grenz. Net dass dir iwwerrascht sidd, wann dir heihinner kommt.'"

D'Situatioun wier net ideal, mä se wier och net dramatesch explodéiert an de leschte Méint, esou d'Britta Schlüter weider. Op der Waardelëscht wiere genee sou vill Studente wéi virun der Pandemie. Um Ufank vum Hierscht-Semester waren et der 300. Wat d'Kapazitéiten an de Studenteresidenzen ugeet, géing d'Uni Lëtzebuerg am europäesche Verglach an enger gudder Moyenne leien. Ronn 1.000 Zëmmer verdeelt op 31 Wunnheemer stinn der Universitéit zur Verfügung. Dat heescht, dass ronn ee Sechstel vun de Studente ka logéiert ginn. Wärend d'Zuel vun de Studenten all Joer ëm e puer Prozent klëmmt, bleift d'Zuel vun de Wunnunitéiten zanter 2016 quasi onverännert.

"Mir haten e bësse Pech am leschte Joer, doduerch déi Zuel erofgaangen ass. Vue dass puer kleng Residenzen an eng méi grouss zougemaach gi si wéinst sanitäre Moossnamen, Renovatioun oder well d'Proprietären dat Haus fir eppes aneres wollten notzen. Dat war Pech. Parallel lafen awer permanent Efforten, fir dobäi ze bauen, selbstverständlech."

D'Universitéit ass iwweregens net de Besëtzer vun de Studentenheemer. Fir de Bau um Belval si virop de Fonds Belval an de Bauteministère zoustänneg. An ee konkrete Projet ass mëttlerweil an der Maach – gëtt awer réischt 2027 fäerdeg. D'Residenz "Porte de France" um Belval, mat ongeféier 140 Wunnunitéiten. D'"Résidence des Dominicaines" um Lampertsbierg soll 2024 hir Dieren nees opmaachen, fir ronn 60 Studenten. Ma vue dass grouss Bauprojeten net vun haut op muer kënne realiséiert ginn, mussen aner Moyenen hier, fir d'Situatioun z'entschäerfen. Dofir gouf eng nei Mesure agefouert: eng begrenzten Openthaltsdauer an de Studenteresidenzen. Heescht: Bachelor-Studenten dierfe maximal 3 Joer am Wunnheem bleiwen, Master-Studenten an Doktoranden 2 Joer.

"Et gëtt Etüden, an dat ass och eis eegen Erfarung, dass esou en Zëmmer an engem Wunnheem virun allem um Ufank vum Studium wichteg ass. Virun allem fir Jonker ënner 22 Joer, déi, déi e klenge Budget hunn an déi, déi aus dem Ausland kommen a sech net auskennen. An do musse mer méi Roulement erakréien, méi Chancë ginn."

Wéi een Effekt dës nei Reegel op d'Logementsproblematik wäert hunn, bleift ofzewaarden. Eng méi séier Léisung schéngt op alle Fall net an Aussiicht ze sinn.