
Well et um Site vum Lycée keng Parkplaze fir Schüler gëtt, kommen déi, fir déi den ëffentlechen Transport keng attraktiv Alternativ ass, mat hiren Autoen a stelle sech laanscht d’N14, fir dono zu Fouss iwwer d’Strooss bei de Lycée ze trëppelen.
Fir dëser geféierlecher Situatioun een Enn ze maachen, hu sech de Ministère fir Transport an ëffentlech Bauten, de Lycée an d’Ärenzdallgemeng drop gëeenegt um Bloen Eck ee Park&Ride ze installéieren. Dat geet aus der Äntwert vum François Bausch op eng Question parlamentaire vum Francine Closener a Carlo Weber ervir. Deemno amenagéiert d’Gemeng een neien Arrêt beim Futtballterrain, deen direkt vun der Buslinn K17 ugefuer gëtt. D’Schüler sollen duerch eng Informatiounscampagne op dës Offer opmierksam gemaach ginn.