Op 5.000 MetercarréCarport mat 2.220 Solarpanneauen zu Lenzweiler ageweit

Lynn Cruchten
Am Kader vun der Aweiung huet den Energieminister Claude Turmes en Appell fir weider Projete vun dëser Zort lancéiert.
Déi gréisste Photovoltaikanlag vum Land gouf ageweit
D’Anlag soll ëmgerechent ronn 300 Stéit mat Stroum versuerge kënnen.

Zu Lenzweiler ass um Donneschdeg offiziell déi landeswäit gréisst Photovoltaikanlag op engem Carport, also engem oppene Parking, ageweit ginn. Op enge 5.000 Metercarré kënnen duerch déi Anlag elo ëmgerechent pro Joer ronn 300 Stéit zu Lëtzebuerg mat Stroum versuergt ginn.

Déi iwwer 2.220 Solarpanneaue kënne béidsäiteg genotzt ginn. Se kënnen also déi direkt Sonnestrale vun uewen ophuelen, grad ewéi vun ënnen d’Reflektioun duerch d’Autoen an de Buedem.

D’CO2-Emissioune kënnen iwwert dëse Wee ëm gutt 200 Tonnen d’Joer reduzéiert ginn. Ausserdeem goufen och 10 Luetstatioune fir elektresch Gefierer um Parking vun der Firma “Tarkett” installéiert.

Iwwerdeems op Klimakonferenze méi geschwat géif, wier hei konkret gehandelt ginn, sot den Energieminister Claude Turmes bei der offizieller Aweiung vun der Fotovoltaikanlag am Norde vum Land: “Dat hei ass 1 Megawatt a mir wëllen hei zu Lëtzebuerg all Joer 100 Megawatt, also 100 sou Installatioune wéi dat do bauen.”

Den Energieminister hofft also op weider esou Projeten, wéi deen zu Lenzweiler, a mécht en Appell u grouss Entreprisen a beispillsweis och Supermarchéen. Ëmmerhi géifen et ronn 300 Hektar u Parkingen am Grand-Duché, wou Carporte mat Solarpannaue kéinten installéiert ginn.

Rezent goufen och zwou Ausschreiwunge fir Projete vu jeeweils 50 Megawatt gemaach. Eng bei där Landwirtschaft a Geméisbau mat Solarenergie kombinéiert solle ginn an eng fir eng Fotovoltaikanlag op enger Industriehal z’installéieren.

Dëst Joer goufe bis ewell 623 Demanden, fir e Subside fir eng Photovoltaikanlag ze kréien, agereecht. Allerdéngs gouf nach keng dovunner traitéiert.

Back to Top
CIM LOGO