De Burkina Faso ass eent vun de prioritäre Partnerlänner vu Lëtzebuerg. Brutal Attacke vun dschihadistesche Gruppéierungen huelen ëmmer méi zou a bremsen d’Entwécklung vum Land. A wéinst de staarke politeschen Turbulenzen zécken och d’Kooperatiounspartner, mat der Entwécklungshëllef weiderzemaachen. Déi gëtt awer dréngend gebraucht, betount den Direkter vun der ONG Tin Tua, den Yves Ouoba, dee viru kuerzem zu Lëtzebuerg op Besuch war.
D’Lëtzebuerger Hëllefsorganisatioun Frères des Hommes schafft am Burkina Faso mat Tin Tua zesummen. Engem Land, fir dat et bis 2021 och e Kooperatiounsprogramm vum Lëtzebuerger Staat gouf. Aktuell befënnt ee sech bis d’nächst Joer emol an enger Transitiounsphas, heescht et op Nofro hin aus dem Kooperatiounsministère. E konkrete Plang – mat méi héije finanziellen Hëllefe wéi aktuell - muss mat enger demokratesch gewielter Regierung ausgeschafft ginn – an ass u Krittäre gebonnen.
Den Yves Ouoba huet d’Hoffnung, dass den neie Leader vertrauenswierdeg ass.