En Aarbechtsgrupp, deen elo ugefaangen huet mat schaffen, muss no Léisunge sichen. All méiglech Piste sollen do op den Dësch kommen.

Fir d’nächst Joer rechent d’CNS nees mat engem Defizit. Fir dat 4. Joer hannerteneen. An dat mécht der Gesondheetskeess zolidd Suergen. D'Recettë ginn nämlech net duer fir d'Depensen ze decken. D'Ausgabe wuessen zanter 6 Joer méi séier wéi dat, wat iwwer d'Cotisatiounen era kënnt. Dat seet de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé.

Budget vun der CNS / Reportage Carine Lemmer

D'CNS huet de Budget fir 2023 festgehalen. 4,2 Milliarden Euro ass dee Budget schwéier. Mat engem Minus vun 10 Milliounen Euro. Alt nees muss een un d'Reserve goen. Déi Reserve sinn awer net onendlech an däerfen dem Gesetz no net ënnert ee gewëssen Niveau falen. Wa sech näischt ännert, riskéiert de strukturelle Problem méi schlëmm ze ginn, erkläert de Christian Oberlé. De Kipp-Punkt kéint, den aktuelle Statec-Previsioune vum Wuesstem no, 2028 erreecht sinn.

De President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé

En Aarbechtsgrupp, deen elo ugefaangen huet mat schaffen, muss no Léisunge sichen. All méiglech Piste sollen do op den Dësch kommen, näischt soll ausgeschloss ginn. Cotisatiounen erop oder bei de Leeschtungen aspueren, sinn zum Beispill Méiglechkeeten.

Am Budget fir d'nächst Joer sinn och 26,7 Milliounen Euro fir d'Psychotherapie virgesinn. D'CNS rechent dermat, datt vun Abrëll un d'Psychotherapie rembourséiert gëtt. Et wär een aktuell jo an der Mediatioun mat der Fapsylux, der Federatioun vun de Psychotherapeuten. Do wéilt een en Accord fannen, ënnersträicht de CNS-President. Wann dat net klappt, da kënnt de Remboursement awer. Normalerweis am 1. Trimester d'nächst Joer, well da géif en Drëtten eng Decisioun zu den Tariffer huelen, sot de Christian Oberlé am RTL-Interview.

955.300 Persoune si viraussiichtlech 2023 hei am Land krankeverséchert. 2/3 dovunner si Residenten, een Drëttel wunnt am Ausland.