Krich an DréchentHausse vun 10,9 Prozent bei de Liewensmëttelpräisser bannent engem Joer

RTL Lëtzebuerg
De Statec schwätzt vun enger substantieller Hausse. Ukrain-Krich a Klimawandel sinn déi Haaptdreiwer, awer och d'Pandemie spillt nach deels eng Roll.
Hausse vun 10,9 Prozent bei de Liewensmëttelpräisser
De Statec schwätzt vun enger substantieller Hausse. Ukrain-Krich a Klimawandel sinn déi Haaptdreiwer, awer och d’Pandemie spillt nach deels eng Roll.

De Präis vu Miel a Kären, Nuddelen a Couscous huet an de leschten 12 Méint knapp 18 Prozent zougeluecht. Vollmëllech 16 Prozent. Gefligel a Schwéngefleesch kaschten haut knapp 14 Prozent méi. Béischten, déi mat Kären ernäert ginn, déi jo virop wéinst dem Ukrain Krich knapp an deier gi sinn. Beim Rëndsfleesch huet d’Präishausse vun 12,5 Prozent awer en anere Grond, erkläert de Georges Eischen, President vun der FLAD, der Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun:

“An der Pandemie sinn d’Bestänn ofgebaut ginn, doduerch ass e gewësse Rëndsfleeschmangel um Marché. An et brauch een zwee Joer fir d’Bestänn nees eropzefueren.”

De planzlechen Ueleg, virop vu Sonneblummen, ass op ee Joer gekuckt 41 Prozent méi deier ginn. De Präis ass awer um Falen. Och Margarine (+24 Prozent) a Botter (+18 Prozent) si méi deier ginn.

“Insgesamt sinn d’Liewensmëttel ëm 11 Prozent geklommen an engem Joer, wat wierklech substantiell ass. Dat ass och eng ganz staark Hausse och am historesche Verglach”, seet de Marc Ferring vum Statec. Déi lescht Méint wieren haaptsächlech d’Brout an d’Mëllechprodukter staark geklommen. Olivenueleg, Zocker a Geméis wäerte méi deier ginn.

Beim Olivenueleg gëtt an den nächste Méint eng zolidd Hausse erwaart. Wéinst der Dréchent war d’Recolte schlecht. An och fir den Zocker wäerte mer musse méi déif an d’Täsch gräifen. “Dat geet iwwer 100% an d’Luucht”, seet de Georges Eischen. Haaptgrond ass och hei d’Dréchent.

Awer och d’Energiepräisser spillen ëmmer nees eng Roll. Tomaten, Courgetten, Paprika a Co. riskéieren ugangs 2023 méi rar an deemno deier ginn, dat well vill Zären am Norde wéinst den héije Gaspräisser erofgefuer ginn.

Back to Top
CIM LOGO