E Sonndeg ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. Den 20. November 1989 huet d'UNO d'Konventioun iwwer d'Rechter vun de Kanner ugeholl.

Ma och 33 Joer méi spéit gëtt et zu Lëtzebuerg nach ëmmer Loft no uewen. Ronn 28 Prozent vun de Kanner zu Lëtzebuerg sinn aarm, dat geet aus den Zuele vum Statec ervir. Dem Paul Heber Responsabele fir d'Kommunikatioun bei Unicef Lëtzebuerg no gëtt dëse Fakt mat Bléck op d'Situatioun an anere Länner awer ëmmer erëm relativéiert. Dobäi géifen am Grand-Duché vill Kanner wéinst der finanzieller Situatioun vun hirer Famill sozial ausgegrenzt:

"Dat si Kanner, déi keng Plaz hunn, fir hir Hausaufgaben ze maachen, dat si Kanner, déi keng Wanterkleeder hunn, dat si Kanner, déi net onbedéngt hiert eegent Zëmmer hunn, dat si Kanner, déi keen Accès zu frëschem Uebst hunn. Klengegkeete géif ee lo soen, mee alles zesumme weess een, datt déi Kanner benodeelegt sinn. A Kanner, déi an Aarmut grouss ginn, kommen als Erwuessener seelen do eraus. Et ass also eppes Intergenerationelles, dat weiderverierft gëtt an dat mécht eis Suergen."

Internationalen Dag vun de Kannerrechter / Reportage Marc Hoscheid

Och wann den Ënnerscheed tëscht Aarm a Räich zu Lëtzebuerg nach vergläichsweis kléng wier, géing en awer ëmmer méi grouss ginn. Ma och weltwäit ass d'Situatioun fir d'Kanner esou schwéier wéi nach ni. Dobäi wier eng Partie vun de Problemer hausgemaach:

"Krich ass hausgemaach. Mir hu scho genuch Problemer mat Ënnerernierung a mat Zykle vun Ëmwelt- a Klimawandel, wat mer scho säit laange Jore gesinn. Dat heescht, et gi genuch Problemer. Fir eis wier et scho mol ganz wichteg, wa mer net nach hausgemaache Problemer derbäi kriten. Da kéinte mer et de Kanner deelweis méi einfach maachen a mir hätten d'Rou, fir Saachen opzebauen, amplaz ëmmer nëmmen ze pléischteren."

Wéinst der aktueller Energiekris ginn dëst Joer zu Lëtzebuerg anescht wéi an der Vergaangenheet keng Gebaier blo beliicht. Unicef konzentréiert sech dëst Joer op déi sozial Medien. Virum Hannergrond vun der Futtball-WM ass et den Opruff, sech selwer bei enger Laola-Well ze filmen. Déi eenzel Videoe ginn dann herno zu enger grousser Well zesummegeschnidden.