Den 20. November ass de Weltkannerdag, e weltwäiten Aktiounsdag vun Unicef fir Kanner vu Kanner.

Den 20. November ass de Weltkannerdag. Fir d'Adoptioun vun der Kannerrechtskonventioun ze markéieren, sensibiliséiere mir iwwert déi dréngendst Erausfuerderungen, mat deenen d'Kanner weltwäit konfrontéiert sinn. Et ass de weltwäiten Aktiounsdag vun Unicef fir Kanner vu Kanner. Op dësem Dag iwwerhuelen d'Kanner d'Roll vun Erwuessenen aus verschiddene Beruffsberäicher, wéi de Medien, der Politik oder dem Sport.

Animatioun: Mir All hu Rechter!

D'Videoanimatioun "Mir All hu Rechter!" sensibiliséiert Kanner vun 3 bis 6 op hir Rechter. Zesumme mam Liz a Leepa entdecken d'Kanner d'Rechter vun der Kannerrechtskonventioun

Wéi ginn de Kanner hir Rechter vum Lëtzebuerger Rechtssystem geschützt?

Wéi funktionéiert e Gericht? Wat sinn d'Aufgabe vun engem Riichter? Wéi ginn och de Kanner hir Rechter vum Lëtzebuerger Rechtssystem geschützt?

Äntwerten op all déi Froe kréie Jonker déi um Atelier YOUstice vum Zentrum fir politesch Bildung deelhuelen. Am Kader vum Weltkannerdag huet eng Klass aus dem Jongelycée aus der Stad e Geriichtsprozess nogespillt de vun UNICEF proposéiert ginn ass. Mir ware mat der Kamera dobäi.

Eng Laolawell fir d'Kannerrechter

Go Blue gëtt dëst Joer eng rise Laolawell! Bis den 18. November konnt Dir Iech eleng, mat Klassekomeroden, Frënn, Kolleegen oder Famill filmen a de Video online deelen.

All dës Videoen huet d'Ekipp vun Unicef Lëtzebuerg gesammelt an e finalen Video doraus gemaach.