SuessemDe Kampf fir d'Erhale vum Bobësch geet weider

Lynn Cruchten
Um Dag vum Bam haten Ëmweltaktivisten op eng Konschtaktioun am Bësch zu Suessem invitéiert, fir datt de Leit d'Wichtegkeet vum Bobësch bewosst gëtt.
De Kampf fir d'Erhale vum Bobësch geet weider
Um Dag vum Bam haten Ëmweltaktivisten op eng Konschtaktioun am Bësch zu Suessem invitéiert, fir datt de Leit d’Wichtegkeet vum Bobësch bewosst gëtt.

Tëscht Enn Juli an Ugangs August haten Ëmweltaktivisten iwwer 2 Woche laang aus Protest géint de Bau vum Käerjenger Contournement de Bobësch besat. Zanterhier gouf weider fir d’Erhale vum Bësch zu Suessem gekämpft. Am Kader vum Dag vum Bam hat d’Biergerinitiativ vun der Gemeng Suessem um Samschdeg Nomëtteg op eng Konschtaktioun beim CR110 invitéiert. D’Beem krute Gesiichter an op de Buedem goufe Silhouettë vun Déieren, déi am Bësch Liewen, gesprayt.

Doduerch soll de Leit nach emol méi d’Wichtegkeet vum Bobësch bewosst ginn. E Bësch, deen engem Strossebauprojet net dierft zum Affer falen, besonnesch net an Zäite vu Klimakris, huet de Marco Goelhausen vun der BIGS erkläert.

Et géif ëmmer gesot ginn, dass, wa Beem géifen ewechgemaach ginn, se op enger anerer Plaz géife kompenséiert ginn. Sou einfach wier dat awer net. Dacks wieren d’Plazen net ideal, fir dass d’Beem kéintr wuessen an et géif och méi wéi 100 Joer dauere bis nees e richtege Bësch kéint entstoen.

Am Bobësch, net wäit vun der Suessemer Gare ewech, sollt zwar just eng Schleis ewechgemaach ginn, mee dorënner géif och de Rescht vum Bësch leiden. Dofir gëtt weider fir den Erhalt vum Bobi gekämpft. Eréischt den 11. November dëst Joer war et der Biergerinitiativ vun der Gemeng Suessem gelongen, eng Ofrappaktioun ze verhënneren, erkläert d’Patrizia ARENDT, Sekretärin vun der BIGS.

“Et war e Commodo Incommodo ausgeschriwwen, dass hei sollte e puer Beem ewechkommen. Mir haten dem Fierschter ugeruff an deen huet eis gesot, et wier wéinst enger Gasleitung. Do komme strictement nëmmen e puer Beem ewech, dat, wat néideg ass. Mir hunn där Saach awer net getraut a sinn heihinner komm a mir si wierklech erschreckt, well dat ass eng Katastroph, wat se hei wëlles hunn.”

Op engem Areal vun 100 Meter Längt a plazeweis bis zu 20 Meter Déift hätte Beem solle verschwannen.

Dobäi géif sech op eng Geneemegung vu virun 2 Joer baséiert ginn am Zesummenhang mat enger Wëldbréck, déi hätt solle gebaut ginn. Bis dato wier awer net gewosst, ob dee Projet wierklech géif ëmgesat ginn.

Fir d’Verleeë vun der Gasleitung elo par conter géif keng nei Autorisatioun virleien, seet d’Patrizia Arendt, déi och drun erënnert, dass d’Biergerinitiativ am Fréijoer 2021 virum Verwaltungsgeriicht geklot hat, well se d’Demarche vum Bau vun enger Wëldbréck kontestéiert hat.

Am September dëst Joer hätt d’Affär solle plädéiert ginn, mee d’Regierung hat bis dohin awer nach keng Pläng fir déi Bréck virgeluecht, sou dass dat op den 12. Dezember verluecht gouf.

Den 21. November steet fir d’BIGS iwwerdeems eng Entrevue mat Ponts et chaussées un. De Kampf fir d’Erhale vum Bësch zu Suessem geet also virun.

Back to Top
CIM LOGO