D’Suspendéierung vum bekannte Chirurg Dr. Philippe Wilmes beschäftegt d’Land a polariséiert. Wärend den Dokter vu „politeschen Attacken“ a vun enger Verschwörung schwätzt a guer keng Feeler bei sech gesäit, verdeedegt d’Gesondheetsministesch Martine Deprez hir Decisioun.
War d’Suspendéierung „ouni Alternativ“?
De Luc Frieden krut en oppene Bréif vum Dokter. Ënnerstëtzt hien hir Decisioun?
Missten Operatiounen an de Spideeler net allgemeng besser kontrolléiert ginn?
Den Interview mat der Ministesch Martine Deprez um 8 Auer live um Radio.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.