Et ass an der Pandemie villes geléiert ginn, dat och hëlleft elo mat deene ville Fäll vu Bronchiolite bei klenge Kanner ëmzegoen.

D'Situatioun vun de Bronchioliten - Rep. Dany Rasqué

Dorop huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert en Dënschdeg op enger Pressekonferenz higewisen, wou et eigentlech ëm d'Lektioune goung, déi een op EU-Niveau aus der Corona Pandemie kann zéien.

An Europa an och doriwwer eraus ginn et jo den Ament esou vill Fäll vum RSV-Virus wéi nach ni.

Zu Lëtzebuerg waren en Dënschdeg 45 Kanner hospitaliséiert a wéini d'Situatioun sech verbessert ass schwiereg ze soen.

"Jiddereen hat domadder gerechent, datt mer de Peak hannert eis hunn", seet d'Gesondheetsministesch, déi dës Woch an der Kannerklinik war, fir sech d'Situatioun unzekucken. Déi ass awer nach ganz eescht an et kéint ee just op Basis vun den Zuelen an anere Länner hoffen, datt et geschwë besser geet, explizéiert d'Paulette Lenert: "A Frankräich ginn d'Zuelen elo liicht zeréck. Si waren zwou Woche virun eis, esou datt mer Hoffnung kënnen hunn, datt mer op deem Peak ukomm sinn an datt d'Zuele bei eis och elo lues a lues zeréck ginn. Ech kann dat awer haut nach net richteg affirméieren. Mir brauchen nach e puer Deeg Recul, fir kënnen ze soen, datt d'Zuele réckleefeg sinn."

D'Ministesch schwätzt vun enger exzeptioneller Situatioun.

Datt an deenen nächste 14 Deeg just liewenswichteg Operatiounen an der Kannerklinik gemaach ginn an temporär kann op Fleegepersonal aus der Reserve sanitaire zeréckgegraff ginn, ënnersträicht dës Ausso.

8 zousätzlech Zëmmeren, déi d'Kannerklinik en vue vun Epidemië kritt hat, si scho beluecht, mat 16 klenge Patienten an de Better. Vereenzelt goufen et Kriticken, datt awer d'Mammen oder d'Pappen, déi bei de Kanner sinn a Fotelle musse schlofen. D'Paulette Lenert confirméiert dat a schwätzt vun enger Zort Ligestill. Anescht géif et net goen: "An deenen Zëmmer, wou mer méi Kanner dra leien hunn, also zwee Kanner am Prinzip, ass et aus technesche Grënn an aus Sécherheetsgrënn net méi méiglech, nach zwee weider Better opzeriichten, well am Noutfall mussen d'Dokteren och séier bei de Puppelche bäikommen. Do si Moniteuren a si sinn ugeschloss un Apparaten. Déi éischt Prioritéit ass, datt d'Sécherheet vum Kand assuréiert ass. Datt séier a gutt kann intervenéiert ginn. Dat bréngt mat sech, datt de Confort e bëssen zeréckgeschrauft ass."

D'Santé wier sech bewosst, datt d'Situatioun net optimal wier, mä et misst dat Beschtméiglechst gemaach ginn, mat deene Moyenen, déi do sinn, fir den Elteren ze garantéieren, datt se bei hire Kanner kënne bleiwen.