Méi Policepresenz gefuerdertAggressioune géint Buschaufferen klammen - LCGB besuergt

RTL Lëtzebuerg
Et ginn ëmmer méi Aggressioune vis-à-vis vu Buschaufferen. Den LCGB, dee majoritär am Transportsecteur ass, fuerdert, datt de Staat eppes ënnerhëlt.
LCGB besuergt iwwer Aggressioune géint Buschaufferen
Et ginn ëmmer méi Aggressioune vis-à-vis vu Buschaufferen. Den LCGB, dee majoritär am Transportsecteur ass, fuerdert, datt de Staat eppes ënnerhëlt.

Fir d’lescht virun 10 Deeg zu Beetebuerg. Zwee Chauffere goufen do geschloen a koume mat Blessuren an d’Klinik. Dëst Joer gouf et op d’mannst eng 15 kierperlech a brutal Attacken op Buschaufferen, ouni déi, déi net gemellt goufen oder an der Press opgedaucht sinn.

Zanterdeem den ëffentlechen Transport gratis ass an zanter der Covid-19-Pandemie hätt d’Aggressioun zougeholl, soen d’Buschaufferen. Am Januar soll ugefaange ginn, Sécherheetskabinne fir d’Chaufferen an de Busser z’installéieren. Mä dat géif net duergoen. En Noutfallknäppchen a Kamerae wären néideg.

E Buschauffer erzielt vu sengen Erfarungen

Ee Joer ass et lo hir datt den Eric Forget mam Bus tëscht Miersch an Ettelbréck ënnerwee war. Eleng mat zwee Passagéier. Dorënner een, dee sech net un déi deemoleg Maskeflicht wollt halen a sech och näischt vum Chauffer soe gelooss huet. Den Eric erënnert sech nach ëmmer gutt un dat, wat doropshi geschitt ass. Um Colmer-Bierg ass d’Persoun op eemol opgestanen an no vir komm fir d’COVID19-Sécherheetsofspärung erofzerappen. Den Eric huet gebremst, well hie war deen Ament nach um rullen.

Mä wou hie sech ëmdréie wollt, huet dee Schëllegen him an d’Gesiicht geschloen. Den Eric kënnt mat engem oppene Broch un der Nues an d’Klinik a muss operéiert ginn. D’Fro déi bleift... Firwat? Hie versteet et bis haut net. Hie fiert nach ëmmer déi selwecht Linn. Ma ëmmer wann hie laanscht déi Plaz kënnt oder hannen eppes am Bus héiert, erënnert hien sech un deen Dag. De Bus-Secteur wier net eleng betraff. Och op anere Plaze géif de Problem vun der Gewalt wuessen.

Och fir d’Fraen ënnert de Buschauffere wier d’Situatioun beonrouegend. Zemools wann een Owes eleng ënnerwee ass. Verschidde Linne fueren antëscht och net méi, respektiv net méi esou spéit. Domat wier de Problem awer bei wäitem net geléist. Vun nächstem Januar u ginn an all de Busse gliese Kabinnen installéiert. E Schratt an déi richteg Richtung, op d’mannst.

Den LCGB fuerdert och méi Policepresenz am ëffentlechen Transport. Eng eege Policeunitéit wär och eng Pist, grad wéi privat Sécherheetspersonal an de Busser. D’Aggressiounen de Passagéier vis-à-vis wären och an d’Luucht gaangen. D’Gewerkschaft huet eng dréngend Entrevue mam Transportminister François Bausch a mam Policeminister Henri Kox gefrot. Et gi schonn net genuch Buschaufferen an d’Aggressioune verschäerfen de Problem nach.

Den LCGB präziséiert nach, datt déi physesch Aggressioune sech haaptsächlech op den Norden an de Süde vum Land konzentréiere. Donieft géif et spezifesch Linnen, déi sougenannte Brennpunkter un der Grenz ufueren, a fir d’Chauffere méi onsécher sinn. Bei de Bus-Servicer vun der Stad Lëtzebuerg hätt een iwwerdeems keng weider Hausse vun den Aggressioune géint Buschauffere festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO