Géint 19 Auer en Donneschdeg den Owend hate sech an der Rue des Charretiers zu Wolz 2 Autoen ze pake kritt. Eng Persoun gouf hei blesséiert.

Nieft der Ambulanz vu Wolz war hei och de Samu vun Ettelbréck am Asaz.

Scho kuerz no 17 Auer war bei enger Kollisioun tëscht e puer Autoen op der A6 an Direktioun Arel eng Persoun blesséiert ginn.

Géint 1.45 Auer e Freideg de Moien war dann zu Habscht an der Rue de Steinfort en Auto an e Bam gerannt. Och hei war eng Persoun blesséiert ginn.

Kuerz virun 8 Auer e Freideg de Moien gouf eng Persoun blesséiert, ewéi si an der Rue de Hussigny zu Déifferdeng vun engem Auto ugestouss gouf.

Wéi de CGDIS e Freideg am Nomëtteg nach mellt, hat et nach kuerz viru 15 Auer gerabbelt. Op der N12 tëscht Bur an Tënten hate sech 2 Ween ze pake kritt. Eng Persoun gouf verwonnt.

Géint 16.20 war et eng weider Kollisioun tëscht 2 Gefierer och op der N12, awer tëscht Schweebech a Sëll. An och hei ass ee Blesséierte ze bekloen.