Hir Associatioun vun den Anciens Combattants geet zréck op d’Zäit nom 2. Weltkrich.

Si gouf an der Tëscht och déi vun de Lëtzebuerger, déi fir d’Vereenten Natiounen am Asaz waren a vun de Soldats de la Paix Luxembourgeois.

D’Jongen, déi fir eist Land an de Krich gaange sinn, hunn net just «einfach» Erënnerunge mat heem bruecht, mee och därer, déi hinnen am Alldag gesondheetlech Problemer schafen. Well och si déi psychologesch Hëllef net rembourséiert kréien, goufen déi lescht 2 Deeg Spende gesammelt. De Sylvain Eberhardt, de President vun der Associatioun, huet zeg Kilometer um Vëlo an de Been. Aus dem Éislek an de Minett an zréck: Eng wichteg Initiativ, déi eisem Ex-Zaldot och nach perséinlech ganz vill um Häerz läit.

Ech hu mer deen Challenge ugedoen, well ech un PTBS erkrankt sinn, wéi aner Kolleegen och, erkläert de Sylvain Eberhardt, Krichs-Veteran a vir bäi wärend dem Krich am fréiere Jugoslawien. Pro Kilometer géif gesponsored, Suen, déi si bräichten, well déi psychologesch Hëllef hei am Land och fir si nach net rembourséiert géif.

Elo emol lues. Et geet hei ëm Jongen, déi am Numm vu Lëtzebuerg an e Krich gaange sinn, heemkoumen, Erliefnesser net verquësst hunn…an elo eleng gelooss ginn? Iwwer dat, wat si un éischter Front erlieft hunn, schwätzt kee vun hinne gär. Psychologesch Hëllef bei Post-Traumatescher Belaaschtung bleift hinnen iwwerlooss – a gëtt net rembourséiert.

«Mir ware vir bäi, 1992, mir ware kleng Kanner, mat Kanner-Aen a Kanner-Oueren an dat schleeft een dann 30 Joer nach mat, sou de Sylvain Eberhardt.

Och de Christian Heinen war am Numm vu Lëtzebuerg am Asaz; hien huet méintelaang, 24/24 Stonnen, d’Hëllef iwwer Telefon, garantéiert, a weess u wat et feelt. Eleng 6 Leit wieren an d’Ausland an Therapie geschéckt ginn; mee fir wa si zréckkommen, géif et hei am Land dann och keng Struktur.

Si wéilte bekannt man, dass dës Problematik besteet, a si bräichte wierklech Geld. Vill Leit géingen nämlech net an Therapie, well se sech dat net kéinte leeschten, sou de Christian Heinen.

Hir Permanence wäert elo vun SOS-Détresse ënnerstëtzt ginn. Si wëllen iwwer hire Problem, hir Krankheet erzielen, iwwer eppes schwätzen, wat déi Meescht vun eis net wëssen.

Dës Regierung an d’Arméi géifen ewell hannert hinne stoen, sou de Sylvain Eberhardt, deen an deem Sënn dat, wat verpasst ginn ass, vun offizieller Säit, wëllt vergiessen.

Wat net ass, kann nach – neen – soll onbedéngt kommen…fir déi an Therapie, a fir déi 10 haut ambulant behandelt ginn a fir déi Ex-Zaldoten, déi hir Krankheet den Ament nach fir sech halen.

De Sylvain Eberhardt, President vun der Associatioun vun den Anciens Combattants, mat engem Message, fir all déi Zaldoten, déi hir Krankheet nach fir sech halen:

De Sylvain Eberhardt,
Hir Associatioun vun den Anciens Combattants geet zréck op d’Zäit nom 2. Weltkrich.