D'Reform vum Mietgesetz soll net just méi transparent reegelen, wéi héich de Loyer maximal dierf sinn. Mä och d'Colocatioun kritt e méi legale Kader.

Mam Projet de Loi, deen aktuell um Instanzewee ass, sot de Minister Henri Kox, dass d'Exzesser souwuel no ënnen, wéi no uewe solle verhënnert ginn. Gëtt en Haus oder Appartement u méi eenzel Leit verlount, dann dierfen dem neie Gesetz no d'Loyere vun all den Zëmmer zesumme pro Joer maximal 3,5 Prozent vum investéierte Kapital duerstellen. Fir Agencen, déi d'Colocatioun mat miwweléierten Zëmmer als Service un eng ganz geziilte Clientèle ausgebaut hunn, kéint dat en Impakt hunn.

Cocoonut zu Loyersgesetz / Rep. Monica Camposeo

Et gesäit ee sech um Wunnmarché als eng Nisch fir eng ganz spezifesch Zilgrupp, nämlech Leit, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg plënneren, dacks wéinst enger neier Aarbecht. Esou den Aurelien Dobbels, Mat-Grënner vu Cocoonut. D'Präisser leien zum Beispill fir en Zëmmer op der Stäreplaz bei ëm 1.500 Euro, alles Inclus. D'Agence freet just ee Mount Garantie. Dass am neie Gesetz d'Garantie vun 3 op 2 Méint erof geet, impaktéiert si also net wierklech. Als Gestionnaire hätt d'Agence awer scho bei senge Proprietären eng gewëssen Onsécherheet bemierkt. Och wann een nach net weess, ob d'Gesetz gestëmmt gëtt, hätt d'Agence eng Rei Froe kritt. Wéi all anere Marché wier et och fir den Immobiliëmarché net gutt, wann et Onkloerheete gëtt.

Hält déi Onsécherheet ze laang un, kéint dat dem Aurelien Dobbels no an eng falsch Richtung goen. Nämlech wa manner investéiert gëtt an doduerch dann och manner Offer um Marché wier.

Dass d'Gesetz fir méi Transparenz soll suergen, begréisst den Aurelien Dobbels. Ma an der Ëmsetzung misst een eben ofwaarden a kucken, wéi sech verschidde Punkten aus dem Gesetzesprojet applizéiere loossen.

Zum Beispill gesäit de Gesetzesprojet och vir, dass d'Miwwele kënnen op de Loyer verrechent ginn.

D'Fro, ob sech de Modell nach géing rentéieren, wann d'Loyere missten erof goen, konnt den Aurelien Dobbels net konkret beäntweren. Als Locatiouns-Gestionnaire géing een e Service ubidden, fir deen d'Zilgrupp bereet wier ze bezuelen, esou nach de Mat-Grënner vu Cocoonut. Et misst een elo kucken, wéi sech dat neit Gesetz, wann et gestëmmt ass, genee géing auswierken.